No Bommen u Clinton, Obama an CNNEe Verdächtege gouf festgeholl

Nodeems an de leschten Deeg ëmmer nees Bréiwer mat Bomme verschéckt gi waren, ass am US-Bundesstaat Florida ee Verdächtege festgeholl ginn.

Am Ganze waren zanter e Méindeg 12 Bréifbommen u Leit respektiv eng Tëleeschaîne verschéckt ginn.

Den US-President Trump huet d'Bréifbommen, déi un eng Rei vu senger Kritiker verschéckt goufen, als Terrorakt bezeechent. Den Täter misst mat alle Mëttel bestrooft ginn. Dat sot hien e Freideg wärend engem Walkampfoptrëtt am Bundesstaat North Carolina. Politesch Gewalt dierft an den USA nimools toleréiert ginn a hie géif alles maachen, fir dat ze stoppen.

De Virworf, dass hien duerch seng aggressiv Rhetorik dee Verdächtege kéint zu dëser Dot motivéiert hunn, huet den Trump zeréckgewisen. Hie wier net Schold drun, och wann de Mann, deene Freideg festgeholl gouf, e Sympathisant vun de Republikaner soll sinn.

Do virdrun hat déi fréier Presidentschaftskandidatin a Konkurrentin vum Donald Trump, Hillary Clinton, dem US-President indirekt eng Matschold un de Bréifbomme ginn. Et géif een an enger Zäit liewen, an där d'Atmosphär onberechenbar ass a wou et vill Haass gëtt, sou d'Hillary Clinton. Dobäi kéim, dass d'Land e President hätt, deen ouni Respekt op eng Rhetorik setzt, déi all méiglech Leit erniddregt, sou déi fréier Ausseministesch e Freideg den Owend zu New York wärend enger Manifestatioun.

D'Serie vu Bréifbommen halen d'USA zanter Deeg an Otem. Am ganze gouf bis ewell 13 Päck séchergestallt. Een dovu war och un d'Hillary Clinton adresséiert. Blesséiert gouf keen.

RTL-NEWS: No Bommen u Clinton, Obama an CNN: Verdeelerzentrum vu Post a Florida gouf duerchsicht

9 vun den 11 Leit, déi e verdächtege Pack kritt haten.© AFP