RusslandBomm a Gebai vum Geheimdéngscht explodéiert

Am Norde vu Russland ass eng Bomm an engem Gebai vum Geheimdéngscht explodéiert. Eng Persoun ass gestuerwen an et goufen der 3 blesséiert.

© AFP

D'Autoritéite schaffen drun, fir den Hannergrond opzeklären. Nach ass net gewosst, ëm wien et sech bei den Affer handelt an ob et sech ëm eng Suicideattack gehandelt huet, oder net.