Bommeleeër-Prozess, 134. DagDe Jean-Claude Juncker gëtt de 25. Februar gehéiert

Um 134. Sëtzungsdag gouf virop de fréiere Wort-Journalist Josy Lorent gehéiert. No senger Ausso gouf decidéiert datt de fréiere Premier soll gehéiert ginn.

De Mann sot, zesumme mam Zeie Robert Schommer bei d’Police gaangen ze sinn, nodeems deen him sot, net eescht geholl ginn ze sinn. Hien hätt deemools den Androck gehat, dass d’Police net gär gehat hätt, dass si géifen dohi kommen; et wär zu enger Ausso am Stil „Wat géift Dir nach gär soen?“ komm. Bei deem Rendezvous wär e Phantombild op Grond vun den Aussoe vum Robert Schommer gezeechent ginn; den Zeie wär awer vun de Poliziste ganz duerchernee bruecht ginn, soudass hien um Enn net d’Accord war mam Portrait.

Donieft hätt de Robert Schommer "e sportlechen Typ" beim Fluchhafe gesinn, kuerz virum duebelen Attentat do, an doropshin d'Ausso gemaach: „Wann eppes um Findel geschitt, dann hunn ech d’Bommeleeër gesinn!“ De Josy Lorent huet de Robert Schommer als „zolitte Kärel“ tituléiert, dee mat de Féiss um Buedem stéing.

Den Zeien huet erkläert, eréischt 2005 vun den Enquêteuren ugeruff, d.h. du fir d’éischt kontaktéiert ginn ze sinn. Hien hätt wëllen hëllefen, als Journalist an als Bierger, mä hätt ëmmer gesot kritt, si hätte keng Leit.

Nom Attentat zu Heeschdref hat de Journalist eng Dynamitstaang matgeholl, déi d’Forces de l’ordre "iwwersinn" haten. Donieft hätt de Marc Zovilé de Josy Lorent a säi Fotograf mat eropgeholl op den Tatort; de Marc Zovilé wär doropshi vum Charel Bourg zesumme gestaucht ginn. D'Attentat op d’Wort géif hien haut als eng „Warnung“ ugesinn.

Doriwwer eraus hätt hie virun Deeg eng nei Erkenntnis kritt. Den Enquêteur Jean Disewiscourt hätt nämlech 2002 e Buch vun engem Wort-Kolleg schreiwe gelooss an deem Journalist erzielt: „Ech weess, ween et ass! Ech kann an däerf et awer net soen; dat Geheimnis huelen ech mat an d’Graf!“

De Josy Lorent huet nach betount, dass hien nom Attentat op de Palais de Justice duerch alles hätt kënne rennen. Et wär op der Plaz gesot ginn, de Marc Zovilé géif d'Press doduerch féieren.

No der Dépositioun vum Ex-Wort-Journalist huet d’Sylvie Conter deklaréiert, de fréiere Premier Jean-Claude Juncker géif en Dënschdeg, um 1. Gebuertsdag vum Prozess, gehéiert ginn.

Dono war et um Tour vum Daniel Lauckes, dem Zeie vum Findel. Hien huet ausgesot, hien hätt deen Dag Mëttesschicht gehat am Prisong zu Schraasseg a wär dono Heem gefuer. Beim Fluchhafe wär ee viru sengem Auto iwwert d’Strooss gelaf an dunn nach en Zweeten, ee groussen an ee méi klengen. Si wären däischter ugedoe gewiescht an hätten eng Cagoule, respektiv eng Kap op gehat. Hien hätt et ënnerwee héiere knuppen an déi zwou Saache mateneen a Verbindung bruecht; hie wär kuerz drop gehéiert ginn a vill méi spéit nach emol.

Fir d'Me Lorang kéint et sinn, dass den Zeie vun der Zäit hier vläicht net d’Täter gesinn hätt.

Als 3. Zeie gouf de Jean Feyereisen gehéiert, d'"Affer" vum Findel. De Mann war nom 1. Attentat um Fluchhafen op d’Plaz geruff ginn a mëttes nach emol dohi gefuer; hien huet eng Täscheluucht do fonnt, obwuel hie geduecht hat, alles wär ofgesicht ginn. Hien hätt d'Luucht opgehuewen, déi him dunn an der Hand explodéiert ass; et hätt en décke Knuppert ginn, hie wär kuerz drop mat der Ambulanz an d'Spidol komm an direkt operéiert ginn. Haut kéint hien erëm domat schaffen, sou den Zeien. D'Täscheluucht hätt wuel engem anere gegollt an net him, mä hien hätt se eben opgehuewen.

Wouropshi sech de Procureur Georges Oswald d'Fro gestallt huet, ob se net eréischt am Dag dohi geluecht gouf; "soss hätt se jo misse fonnt ginn, virdrun!
De Jean Feyereisen sot, dat wär eng pertinent Fro, déi wuel mat Jo ze beäntwere wär.

De Roland Block, Aarbechtskolleg vum RTL-Zeien Eugène Beffort, gouf als leschten Zeie vum Dag gehéiert. Den Eugène Beffort hätt ëmmer erëm verzielt, hien hätt de Prënz Jean beim Findel gesinn a sech ëmmer dorop behaapt; hie selwer, sou de Roland Block, hätt dat wuel méindes vum Eugène Beffort gesot kritt. Deen hätt deeselwechte Moie probéiert, um Bommentelefon unzeruffen; e puer Stonnen hätt awer keen him geäntwert.

Den Zeien huet och gemengt, den Eugène Beffort hätt eng Kéier eng Undeitung gemaach, dass hien en Ziedel bei engem Notär hannerluecht hätt. Den Eugène Beffort hätt och ënnert där ganzer Affär gelidden.

Oppene Bréif vum Pierre Kohnen

Am Nomëtten huet sech och den Zeien Pierre Kohnen zu Wuert gemellt. Dee viru kuerzem pensionéierte „Commissaire en Chef“ reegt sech an engem oppene Bréif iwwert d'Aart a Weis op, wéi hien di lescht Woch an der Ëffentlechkeet duergestallt gouf.

De fréiere Polizist war di lescht Woch fir eng Konfrontatioun mam Colonel Gretsch am Bommeleeër-Prozess virgesinn. E war bekanntlech awer net ze erreechen, nodeems en di Woch virdrun d'Ermëttlungen an der Affär zollitt kritiséiert hat.

Als fräie Mënsch hätt hien dat Recht, an d'Vakanz ze fueren, fir säi Gebuertsdag a seng Pensioun ze feieren. D'Geriicht hätt him net mat Zäite Bescheed gesot.

Hien hätt net wëlles, sech virun der Justiz ze verstoppen an e géing sech och weiderhi fir d'Wourecht am Fall Bommeleeër staark maachen.

De Reportage vum Nico Graf (20/02/2014 - 7h30)




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.