Bommeleeër-Prozess, 152. Dag... an ëmmer nees den Numm Steil!

Um Dënschdeg sinn direkt e puer Zeie viru Geriicht defiléiert. 't goung ëm Spuren, Terrorscouten, de Marc Scheer, de Jos Steil ... an de René Steil!

En Zeien, deen engem Mann, deen hie virun d’Riichtere bruecht huet, widdersprécht, an en aneren Zeien, dee sech wuel am Virnumm vun engem Här Steil iert, deen him géintiwwer fracassant Aussoe gemaach hat: Den 152. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess war ee vun der bosseger Zort!

Zeie Jossa: Farfelue Geschicht

Den Eloi Jossa war en Dënschdeg de Mëtten den 1. Zeien um 152. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess.

De Mann gouf gehéiert, well hien
engem aneren no am Zesummenhank mam Attentat zu Heeschdref Spure soll fonnt hunn, déi an d’Haus vum deemolegen Ierfgroussherzog gefouert hätten; hien hätt d'Haus vu Gendaarmen ëmstelle gelooss an dem Jacques Santer ugeruff, deen awer refuséiert hätt, dass hie kéint eragoen. Den Eloi Jossa huet dës Geschicht "farfelue" genannt.

Hie wéisst näischt vun esou enger Spur a wär deen Dag op engem aneren Asaz gewiescht; hien hätt och keng Ahnung vun engem Auto op där Plaz, sou den Eloi Jossa. D'Bommeleeër hätte wuel Zeitung gelies, et wär keen héijen Niveau gewiescht, well si hätte sech erugetaascht, et awer net hikritt. Den Offizéier Charel Bourg hätt och eng Kéier Leit eng Fal gestallt, déi e Scanner haten; d'Insiderwëssen hätt z.B. kënnen doriwwer lafen.

Zeien Ehmann: "Steil" behandelt ...

Dono war et um Tour vum Zeie Bernard Ehmann, deen Dokter ass, fir auszesoen. Hien hat dem Me Vogel e Bréif geschriwwen, an deem stéing, säi Patient Jos Steil hätt him gesot, dass, wann hien alles soe géif, wat hie wéisst, dann eng ganz Partie Leit hiren Hutt missten huelen, an dass säi Wëssen d'Monarchie a Gefor géif bréngen; hie wéisst awer net, ob de Jos Steil domat wollt uginn.

... ma net de Jos, mä de René!

Dee
Jos Steil hätt no senger Häerzoperatioun eng Ausso gemaach am Stil, d'Regierung an den Troun kéinten äddi soen; hien hätt awer net nogefrot. Op eemol koum d'Fro op, ob iwwerhaapt vum Jos Steil vun der Brigade mobile rieds war; nodeems him eng Foto vum Jos Steil gewise gouf, sot den Dokter: "Neen, et war net deen do!"

Et wär laang virum Joer 2006 zu där Ausso komm, wuel tëscht 1985 an 1995, sou de Bernard Ehmann, fir deen dee Steil René mam Virnumm geheescht hätt, nodeems de Me Vogel him deen Tuyau ginn hat; mat deem hätt den Affekot an der sougenannter Jorhonnert-Affär ze di gehat.

Zeie Maniglier: Marc Scheer erkannt

No der Sëtzungspaus gouf de Video vun enger Hypnossëtzung mam Zeie Michel Maniglier gewisen an den RTL-Interview mam Zeie Bob Gredt.

Den Zeie Michel Maniglier erzielt an deem Video iwwert d'Attentat op de Geriichtspalais a widderhëlt dora seng Aussoe vun Ufank November an de groussen Zich. De Mann hat de Marc Scheer deemools jo an der Sëtzung als Guetteur vun deem Attentat erkannt.

Zeie Gredt: Terrorscouten

Dono war den RTL-Interview mam Zeie Bob Gredt ze gesinn, deen doran Aussoe gemaach hat zu de sougenannten Terrorscouten a v.a. zum Jos Steil; déi iwwert de Member vun der Brigade mobile hat den Zeien an der Sëtzung virun de Riichteren awer zréckgezunn.

D’Sëtzung vum Mëttwoch dierft méi eng interessant ginn, well ë.a. de Marc Fischbach, Arméiminister zur Zäit vun den Attentater, aussoe kënnt!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.