BommeleeërDe Bunker an der Villa Chomé

Am Bommeleeër-Prozess war vill rieds gaange vum ominéise Bunker an der Villa Chomé am Zesummenhang mat der Brigade Mobile.

Zu Eech steet d'Villa Chomé. An der Villa gëtt et haut nach de Keller, wou fréier Gendarmen Schéisstraining gemaach hunn, deen am Bommeleeër-Prozess ernimmt ginn ass.

An am RTL-Interview hat de fréiere Gendarme Ben Geiben gesot:„Ech sinn net an de Keller gaang, ech sinn net an de Bunker gaang, well ech näischt mat der Affär ze dinn hunn“.

Dee Ben Geiben war am Oktober 1985 sonndes mueres nom Geriichtsattentat annerhallef Stonn laang an der Villa Chomé a hie konnt am Prozess net explizéieren, wat hien do gemaach hätt.

Bunker Villa Chomé: Reportage Nico Graf (27.11.2014)



De Keller vun der Villa Chomé ass eppes, wéi de Bau vun engem Déier, verdréit, verwénkelt, um Enn vum Wee ass ee ganz verwuerelt. Mä et versteet een alles besser.

An d'Villa geet een duerch e Vestibule eran, schwéier Fotellen, vill Holz, eng hell hëlzen Trap no uewen. Ënner deeër geet eng Trap erof, no ënnen an de Keller, eng immens géi Trap.

Enne geet et ëm en Eck, do ass e normale modernen Heizungskeller, da geet erëm duerch eng Dier, do ass eppes wéi eng Garage, roudelzeg, mat engem Lavabo. Da geet et erëm eng Trap erop an ëm en Eck, an da steet ee stënterlech virun enger décker stolen Dier, de Genre Dier vun engem grousse Frigidaires-Raum.

Déi Dier huet zwee grousse Hiewelen, een uewen een ënnen, schwéier ze bewegen, mä se geet awer op an et steet een carrément an der Vergaangenheet. Stëbseg, dreckeg, muuschteg, raschteg: no riets ass en 10 Meter laangen, 4 Meter breeden verwëllefte Raum. Dat ass en, de Bunker vun deem d'Alice Fuchs, dem Jos Steil seng Frëndin, am Prozess geschwat hat.

Op béid Säiten Stellagen, déi aus Zille gebaut sinn. An de Keller ass verstäerkt mat stolen Träger, déi scho ferm am gaang sinn ze raschten.

De Felix Chomé war Arbed-Generaldirekter. Mat de stolen Träger huet hien aus dem Keller e Bunker gemaach. Hannenaus ass eng kleng stole Lued, hanner der Lued e stole Gitter, och dat rascht a riets dernieft Lächer an der Mauer, grousser, klenger, deck Flatschen.

Esou gesi Maueren aus a Stied, wou Krich war, esou gesäit d'Kellermauer aus, op déi geschoss ginn ass, sot d'Alice Fuchs am Prozess. Hei hu se also schéissen trainéiert. A wat op de Stellage louch, doriwwer muss ee spekuléieren. „Deemno wat do gebunkert gouf“, hat d'Riichterin Sylvie Conter am Prozess gesot, a jiddereen hat verstan. Et wier eng ideal Platz gewiescht, fir de geklaute Luxite ze stockéieren. De Gendarme Jos Steil, den zweete Mann aus der Brigade Mobile, hätt also mat Partnerin a Famill iwwer dem Dynamit gewunnt.

Eng ideal Stopp.

FOTOGALERIE: Impressiounen aus der Villa Chomé

An et kuckt ee sech op der Landkaart un, wou d'Villa Chomé leit an et mierkt een, vu bal jidder Tatort ass et e ganz kuerze Wee Aller-retour vun der Villa Chomé: d'Carrière Irrthum, de Verluerekascht, de Kierchbierg, Hollerech, d'Geriicht, de Gréngewald, d'Fouer, d'Piscine. A war net um Eecher Feld enges nuets en decke Knuppert, onexplizéiert bis haut? Dat Eecherfeld, direkt vis-à-vis vun der Villa Chomé.

An den Zeie Giever hat zwee verdächteg Autoe mat verdächtege Männer dra gesinn, déi aus dem Gréngewald den Dummeldengerbierg erofgefuer sinn. Iwwerdeems d'mèche lente zu Heeschdref scho gebrannt huet. Den Dummeldengerbierg erof, dat zielt direkt op d' Villa Chomé.

Am Prozess ass iwwer déi Villa am Juni vill geschwat ginn. D'Riichterin huet gesot, de Ben Geiben hätt sonndes mueres nom Geriichtsattentat an deem Keller dat gemaach wat do ze maache war.

Deen eidele Keller mat sengem Stëbs a sengem Rascht a senge Reschter vu Kartonnagen hätt spéitstens no deem Prozess-Dag missen duerchsicht ginn, spuerentechnesch. Dat ass net geschitt.

Am Keller steet eng dreckeg, eidel Fläsch Wäin, Riesling, aus dem Joer 1979. Dat ass genee dat Joer, wéi d' Brigade mobile gegrënnt ginn ass.

An engem mansardéierte Raum vun der Villa Chomé hu viru Jore Kanner en Doudekapp an och e pur Mol e Familljennumm op de Gips gekritzelt: Steil kann een entzifferen.

Et ass eng Signature.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.