ADR: Protest géint Diskriminéierung vum Joé Thein am LTMA

D'ADR protestéiert géint d'Diskriminéierung vun engem vun hire Politiker am Lycée technique zu Péiteng. Dat wier en Ugrëff op d'Demokratie.

Leschte Samschdeg war do eng „Journée multiculturelle“. Den ADR-Gemengeconseiller Joé Thein war vun de Schüler invitéiert ginn, fir do ze schwätzen, mä wéi den Direkter dat gewuer gouf, huet hien dat verbueden.