Déi nei Trafic App vun RTL huet et a sech!

Sou eng App gouf et zu Lëtzebuerg nach ni! D’RTL Trafic App bitt Iech eng sëlleche Funktionalitéiten un, déi Iech besser duerch de Verkéier bréngen an d’Fuere méi sécher fir Iech a fir Ären Entourage mécht.

Hei kritt Dir e klengen Iwwerbléck vun de wichtegste Funktiounen déi Iech déi nei RTL Trafic App ubitt.



Ier ech lassfueren

Nodeems Dir Ären Trajet erausgesicht hutt, kritt Dir direkt e kompletten Iwwerbléck op déi aktuell Situatioun op Ärer Streck an natierlech wéi laang Dir fir Äre Wee braucht.

D’Destinatioun léisst sech ganz einfach nosichen, einfach den Numm oder d’Adress antippen, de Rescht iwwerhëlt d’App fir Iech.


Nodeems Dir Ären Trajet erausgesicht hutt, kritt Dir direkt e kompletten Iwwerbléck op déi aktuell Situatioun op Ärer Streck an natierlech wéi laang Dir fir Äre Wee braucht.

Och op der Kaart kritt Dir eng komplett Iwwersiicht wéi fléissend de Verkéier ass, wou verschidde Radaren opgestallt sinn a falls aner Evenementer, wéi z.B. e Chantier oder en Accident an Ärer Ëmgéigend sinn .


Wann ech ënnerwee sinn

D’RTL Trafic App passt sech konstant Ärer Vitesse an den aktuelle Verkéiers-Konditiounen un. Ass e Chantier ënnerwee, e Radar deen opgestallt ass oder en Accident? D’RTL Trafic App seet Iech déi ganzen Zäit, wéi laang Dir reell fir Ären Trajet braucht.

Är Hëllef mécht de Service vun der App nach besser!


Dir gesitt e Radar, Dir stitt an engem Stau well en Accident geschitt ass? Dir kënnt iwwert d’App all dës Evenementer mellen an esou och déi aner Leit déi mat der RTL Trafic App ënnerwee sinn, informéieren wéi si besser duerch de Verkéier kommen.

Ausserdem ginn Är Meldunge fir ganz RTL gebraucht a ginn och weider un den ACL geschéckt fir datt och all anere Media vun dësem Servicer 24h/24h profitéiere kann!


D’RTL-Trafic App kënnt Dir hei eroflueden

iOS Download Link   iOS Download Link