Informéiert eis: Gitt Trafic Reporter!

De Wee op d’Schaff a rëm heem ass dacks geféierlech oder voller Ëmweeër, wann iergendwou en Accident geschitt oder eng Strooss gespaart ass. Zesumme mat Iech maache mir d’Stroossen zu Lëtzebuerg méi sécher.

Mellt Iech a gitt Trafic-Reporter bei RTL.

Sot eis, wou et staut oder wou eppes geschitt ass a
schéckt Äre Message gratis per SMS op de 6 40 40.

Oder rufft un um RTL-Trafic-Répondeur op der Telefonsnummer: 1342.

Natierlech kënnt Dir eis och iwwert d'RTL-App informéieren. Do hutt Dir och d'Méiglechkeet, eis eng Foto zoukommen ze loossen. (W.e.g. ëmmer eng Kontaktméiglechkeet matuginn.)

Manner Stauen ...
... a manner Accidenter ...
... zesumme mam ACL, RTL an Iech.
Merci!