Sinn déi räich Leit déi eenzeg déi Zougang zu nohalteg Investitiounen hunn?

Investitiounen, Placementer sinn Begrëffer déi dacks Leit mat wesentleche finanzielle Verméigen zougeschriwwen ginn. Et ass och ganz kloer, datt e groussen Deel vun de Lëtzebuerger Stéit keng finanziell Reserven hunn a all Mount kucken muss d’Enner zesummen ze kréien.

Nohalteg Finanzen 14.12.2022

Wéi awer déi järlech Etüd vun der Association des Banques et Banquiers Luxembourg (ABBL) op Basis vun Zuele vun der Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) iwwer de Lëtzebuerger Retail Bankesecteur beweist, hunn nach ëmmer vill Awunner vu Lëtzebuerg hir finanziell Reserven a Boer oder an engem Spuerplang. Dëse mobiliséierbare Patrimoine kéint Firme finanzéieren, déi nohalteg Projeten entwéckelen.

Et soll een och net all déi vergiessen, déi ganz oder en Deel vun hirem finanzielle Verméigen schonn an e Produit investéiert hunn, deen zimlech bekannt ass, nämlech Investitiounsfongen (z.B. SICAVen). Et ass gréisstendeels duerch dës Aart vu Produkter dass nohalteg Finanzen sech wäerten entwéckelen. De Schrëtt dee fir déi Leit ze huelen ass, ass also net sou grouss wat d'Verännerunge vun hirem finanzielle Verhalen ugeet.

Ausserdeem ass "ganz oder deelweis" eng interessant Notioun. Tatsächlech ass et net néideg, wann Dir net wëllt, all Är Verméigen an nohalteg Finanzen ze investéieren. Dir kënnt décidéieren nëmmen en Deel dovun z'investéieren, mat emol e puer dausend Euro ze testen an domat e positiven Impakt op d'Ëmwelt oder op d'Gesellschaft ze hunn.

Wären nohalteg Finanzprodukter net wéi Bioprodukter: méi deier an dacks net esou lecker?

Hei ass een anert Mëssverständnis dat gekläert muss ginn. Nohalteg Investitioune verfollegen déi selwecht Reegele wéi traditionell Investitiounen. D'Offer vun nohaltege Produkter ass méi oder manner riskant, bitt méi oder manner Rentabilitéitsperspektiven, bitt méi oder manner Diversifikatioun, reagéiert op verschidden Investitiounshorizonter, benotzt méi oder manner komplex Strukturen, asw.

Déi üblech Aarte vun nohalteg Investitioune sinn:

  1. De Kaf vu Part'en an Investitiounsfongen déi ESG Critèren berücksichtegen fir ethesch an nohalteg Firmen a Finanzprodukter fir hire Portefeuille ze wielen.
  2. De Kaf vu gréngen, nohaltege oder soziale Obligatiounen déi ausgestallt gi mam Zil fir Projeten oder Aktivitéiten ze finanzéieren, déi op Basis vun ökologeschen, sozialen oder gudde Gouvernance Iwwerleeungen ausgewielt ginn.
  3. Direkten Kaf vun Aktien: andeems Dir Ären eegenen Aktieportefeuille (oder iwwer Ären Investitiounsberoder) geréiert, kënnt Dir direkt Firmen auswielen, déi besuergt sinn iwwer hiren Impakt op d'Ëmwelt an/oder d'Gesellschaft. D'Deklaratioune iwwert ausserfinanziell Leeschtungen vun de Firmen erlaben den Investisseuren d'Verpflichtungen vun dëse Firmen a Saachen Corporate Social Responsibility (CSR) ze verstoen.
  4. Nohalteg Spuerpläng: dat sinn Konten, deenen hir déposéiert Fongen an nohalteg Entreprisen investéiert ginn.

Wann nohalteg Investitiounen net fir déi Räich reservéiert sinn, firwat goufen se mir dann nach net ugebueden?

Vill Spuerer déposéieren hir Suen léiwer op Spuerkonten. Et ass schwéier fir si hiert d'Verhalen ze änneren ouni d'Mechanismen, d'Risiken an d'Froen ze verstoen, déi zum Beispill mat engem Fonds verbonne sinn. Et ass d'Roll vum Finanzberoder Iech richteg ze guidéieren an Iech Investitiounen ze bidden déi Ärem Risikoprofil an Ärem Investitiounshorizont entspriechen.

Zënter dem 2. August vun dësem Joer verlaangen nei Reglementer, dass d'Banken hir Clienten informéieren an ënnerstëtzen bei hiren Entscheedungen zugonschte vun nohaltege Investitiounen. Elo, wann Dir bei Äre Finanzberoder gitt fir Berodung iwwer eng Investitioun ze kréien, muss hien Är Preferenzen an Ëmwelt-, Sozial- a Gesellschaftsfroen berücksichtegen an dës a seng Empfehlungen integréieren.

Zuelen vum Mount:

180 Milliarden EUR
Dëst ass den zousätzlech järlechen Finanzéierungsbedarf, deen bis 2030 néideg ass, fir d'Energie- a Klimaziler z'erreechen, fir déi se sech Europäesch Unioun engagéiert huet.

80%
dat ass de Prozentsaz vun hirem Verméigen, déi d'Cliente vun de lëtzebuerger Retailbanken op Spuerkonten a Compte Courant'en halen, laut der Etüd "Retail Banking 2022 ABBL/CSSF".

53%
dat ass de Prozentsaz vun de Lëtzebuerger, déi nach net an nohalteg Finanzproduiten investéiert hunn, mä déi sech dat awer kéinte virstellen, wéi ABBL - CSSF - LSFI Etüd iwwer d'Relatioun vun de Lëtzebuerger zu nohaltege Finanzen erginn huet.

Fir méi ze wëssen:
- De Guide nohalteg Finanzen publizéiert vun der ABBL an der Chambre de Commerce.
- D'Säiten fir nohalteg Entwécklung um Lëtzfin Site vun der CSSF