Ass et richteg, dass nohalteg Finanzprodukter wéinst hirer Komplexitéit nëmme fir professionell Investisseure gëeegent sinn?

Nohalteg Finanzprodukter sinn net onbedéngt méi komplex wéi aner Finanzprodukter. Fir och privat Acteuren z'erméiglechen an nohalteg Finanzprodukter z'investéieren, mécht d'Europäesch Unioun grouss reglementaresch Efforte fir an dësem Beräich d'Transparenz ze erhéijen a Vertrauen ze schafen.

Nohalteg Finanzen 08.03.2023

A wéi eng nohalteg Finanzprodukter kann een  investéieren?

Et gi vill verschidde Produkter déi et Investisseuren erlaben nohalteg ze investéieren. Hei sinn e puer Beispiller:

  • Andeems een Aktie keeft, ka jiddereen en Undeel vum Eegekapital vun enger Firma kréien. De Choix vun der Firma kann op Basis vun sengen eegene Nohaltegkeetsziler virgeholl ginn. Nieft enger Participatioun um Gewënn vun der Gesellschaft kann den Aktionär bei wichtegen Decisiounen matentscheeden, andeems hien op de Generalversammlungen mat ofstëmmt.
  • Gréng Obligatioune sinn Obligatiounen, déi vu Firmen oder Staaten ausgestallt ginn, fir a Projeten ze investéieren, déi erneierbar Energie schafen oder de Klimawandel bekämpfen.
  • Sozial Obligatioune sinn Obligatiounen, déi vu Firmen oder Staaten ausgestallt ginn, fir a Projete vu sozialem Interessi z'investéieren, wéi zum Beispill an Basisinfrastrukturen (wéi proppert Drénkwaasser, Kanalisatioun, Sanéierung, Transport, Energie), den Zougang zu Basis Sozial Servicer (wéi Gesondheetsversuergung, Schoul a Beruffsausbildung), an bezuelbare Wunnraum, asw.
  • Nohalteg Investitiounsfongen investéieren a verschidde Projeten a Firmen, déi spezifesch Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernancecritèren entspriechen. Bei der Auswiel vun den Investitioune bei nohaltegen Investitiounsfongen gëtt de Schwéierpunkt op verantwortlech, ethesch, sozial an ökologesch Verhalen geluecht. En Ënnerscheed gëtt gemaach tëscht Investitiounsfongen, deenen hir Investitiounspolitik eleng op ESG Critère baséiert an deenen, déi nëmmen deelweis an nohalteg Produkter investéieren.
  • Eng Zort vun Investitiounsfongen sinn nohalteg ETF (Exchange-Traded Funds): Dës ETF replizéieren e bestëmmten Index, deen Firmen enthält, déi spezifesch Nohaltegkeetskriterien erfëllen.

Éier een sech entscheet, ass et wichteg ze wëssen dass d'Wiel vum richtege Finanzprodukt vu senge perséinlechen Ziler a sengem individuellen Risikoappetit ofhänkt. Et ass recommandéiert, sech virun all Investitioun gutt ze informéieren an de Rot vun engem Finanzberoder ze sichen.

Sinn Labelen eng Hëllef bei der Investitiounsentscheedung?

Wéi bei der Majoritéit vun de Produkter gëtt och bei Finanzprodukter oft Publicitéit gemaach, dass se mat engem Label ausgezeechent goufen. Am Allgemengen sollt een Labelen awer net blann vertrauen, mä et ass unzeroden, sech déi eenzel Labelen méi genee unzekucken. Tatsächlech awer kënnen Labelen eng Entscheedungshëllef bei nohaltegen Investitioune sinn, well se et Investisseuren erlaben d'Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernanceleeschtung vun de Firmen a Finanzprodukter ze bewäerten a Produkter ze identifizéieren, déi den eegen Nohaltegkeetsvirléiften entspriechen. Et gëtt effektiv eng Villfalt vu verschiddene Labelen a fir all Label gëlle spezifesch Ufuerderungen. Et ass wichteg ze kucken,  dass d'Labelen vun onofhängegen a vertrauenswierdegen Organisatiounen ausgestallt ginn an dass d'Critère fir d'Zertifizéierung transparent an allgemeng verständlech sinn. Allerdéngs vermëttelen Labelen net ëmmer e vollstännegt Bild vun der Nohaltegkeet vun engem Produkt an dofir sollten se nëmmen ee Faktor ënner anere sinn, wann een Entscheedungen iwwer nohalteg Investitiounen hëlt.

Froen déi Dir Ärem Bankberoder a Bezuch op nohalteg Produkter stelle kënnt

Zënter dem 2. August 2022 musse Finanzdéngschtleeschter, déi Investitiounsberodung a Verméigensverwaltung ubidden, Virléiften vun hire Cliente a punkto Nohaltegkeet berücksichtegen. Si si verpflicht dem Client Froen zu sengen Präferenzen an zu sengem Wëssensstand a punkto nohalteg Investitiounen ze stellen fir him, sengem Profil ugepassten Investissementer recommandéieren ze kënnen. De Client kann dës Geleeënheet notzen, fir mat sengem Beroder e Gespréich iwwer nohalteg Finanzen ze féieren. Hei e puer Beispiller vu Froen déi de Client sengem Bankberoder bei dësem Gespréich stelle kann:

  • Wéi eng nohalteg Produkter, déi mengem Profil a menge nohaltege Virléiften entspriechen, gi vun der Bank ugebueden?
  • Ginn et Zertifizéierungen oder Auszeechnungen, déi déi verschidde Produkter fir hir nohalteg Finanzpraktiken kritt hunn?
  • Wéi ginn d'Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernanceleeschtungen vun de verschiddene Finanzprodukter gemooss?
  • Wéi garantéiert Är Bank dass hir nohalteg Finanzprodukter transparent an accessibel fir Cliente sinn?
  • Wéi garantéiert Är Bank dass déi nohalteg Finanzprodukter déi ugebuede ginn, den europäeschen Nohaltegkeetsnormen a Richtlinnen entspriechen?
  • Wéi integréiert d'Bank nohalteg Entwécklungsziler an hir Gesamtstrategie an an hier Aktivitéiten?
  • Wéi bewäert a moosst Är Bank den ökologeschen a sozialen Impakt vun hiren Investitiounen a Kreditaktivitéiten?
  • Wéi geet Är Bank mat de Risiken ëm, déi mat der Investitioun a fossille Brennstoffer an aner net nohalteg Praktike verbonne sinn?

Wéi bei all Investissementer gëllt et och fir nohalteg Produkter, dass een sech am Viraus grëndlech informéiere soll, woubäi een sech awer sollt bewosst sinn, dass een duerch seng Entscheedungen beim Wandel zu enger méi nohalteger Welt bäidroe kann.

Méi Informatiounen op:

www.letzfin.lu

https://www.abbl.lu/en/professionals/key-topics/sustainability