Privat oder berufflech nohalteg Finanzprojeten hëllefen mir net?

Fir meng privat oder berufflech Projeten hëllefen nohalteg Finanze mir net. Oder dach?
Bei nohaltege Finanze geet et net nëmmen ëm Investmentfongen, déi grouss multinational Firme finanzéieren.
Fir Är eege Projeten, egal ob Dir Privatbierger oder Entrepreneur sidd, kënnt Dir z.B. e grénge Prêt vun Ärer Bank ufroen.
Wat si gréng Prêten?
Gréng Prêten sinn eng Form vu Finanzéierung fir Projeten, déi zu der ekologescher an energeetescher Transitioun bäidroen. Hiert Zil ass et nei Projeten ze encouragéieren am Zesummenhang mat:
- erneierbaren Energien,
- Energieeffizienz,
- Präventioun vun der Verschmotzung,
- responsabel Gestioun vu Waasser an Offall, oder
- propperem Transport etc.
Richteg oder falsch?
Heescht dat, datt ech Sue ka léine fir meng eegen nohalteg Transitioun ze finanzéieren?
Jo! Firmen an Eenzelpersoune kënnen e grénge Prêt fir hir Projeten ufroen, wann déi e positiven Impakt op d'Ëmwelt hunn oder zu der ekologescher Transitioun bäidroen.
E puer Beispiller
- de Kaf vun engem Elektroauto, Vëlo oder soss Kuelestoffaarm Transportmëttel
- Finanzéierung vu Renovéierungsaarbechten un engem Gebai
- Installatioun vu Solarpanneauen
Si gréng Prête méi deier wéi konventionell Prêten?
Gréng Prête sinn net méi deier. Si kënne esouguer méi avantagéis sinn, well d'Banke gënschteg Konditioune fir dës Zort vu Projete kënne ginn. Well Lëtzebuerg konkret Ambitiounen huet fir seng CO2-Emissiounen ze reduzéieren, kéinten esou Prêten och fir staatlech/ëffentlech finanziell Hëllefen, Garantien an/oder steierlech Ureizer fir d’Entwécklung vun Ëmweltprojeten z’ënnerstëtzen berechtegt sinn, wat hir Finanzéierungskäschte weider erofdréit.
An dësem Kontext bidde Banken normalerweis gënschteg Konditioune wéi reduzéiert Zënsen, verlängert Prêtlafzäiten oder flexibel Remboursementsbedéngungen un.
Firwat gëtt et esou vill Interessi fir gréng Prêten?
De Bankesecteur ass an senger eegener ekologescher Transitioun. Fir eng Bank heescht dat, ëmmer méi Projeten ze finanzéieren, déi e positive Bäitrag zur Ëmwelt leeschten.
Performance énergétique: 70% vun de Wunngebaier zu Lëtzebuerg si Klasse E oder méi schlecht
Eng rezent Etude vum Energieministere huet déi schlecht Performance énergétique vun de Wunngebaier am Grand-Duché beliicht. Vun den 13.000 bewäerte Gebaier ware bal 70% an enger Energieklass E oder manner. En Entworf vun enger europäescher Direktiv soll den Energieverbrauch am Bausecteur wesentlech reduzéieren a wäert national Renovéierungspläng imposéieren, besonnesch fir déi manner energieeffizient Gebaier.
Eis Gesellschaft als Ganzt muss sech mobiliséiere datt d'Klimatransitioun geléngt. Mir mussen eis Konsum- a Produktiounsgewunnechten änneren zu méi nohaltegen Alternativen. Dëst wäert en héijen Finanzéierungsbedarf erfuerderen.
Gréng Prête sinn dofir eng Geleeënheet fir mat Ärem Banquier ze diskutéieren fir den Iwwergang zu engem méi nohaltege Liewensstil ze finanzéieren.