Ass de Risiko mat nohaltegen Investitioune méi grouss?

Sinn d'Risiken, déi mat nohaltegen Investitioune verbonne sinn, méi héich wéi déi, déi mat traditionellen Investitioune verbonne sinn?
Nohalteg Investitiounen si weder méi riskant nach méi sécher wéi traditionell Investitiounen. Am Allgemengen hänkt de Risiko vun enger Investitioun vu verschiddene Faktoren of, wéi Investitiounsbedingungen, d'Ëmwelt vun enger Firma oder de Secteur an deen Dir investéiere wëllt an allgemeng Maarttrends.
Allerdéngs, nohalteg Entreprise kënne manner u bestëmmte Risiken ausgesat sinn, sou wéi Ëmweltprozeduren, Sozialkonflikter, Reputatiounsrisiken oder Konsumenteboykotten.
Et ass wichteg Är eegen Analysen auszeféiere fir déi spezifesch Risiken ze verstoen, déi mat Ären nohaltegen Investitioune verbonne sinn, sou wéi Dir dat mat Ären traditionellen Investitioune géift maachen. Ier Dir investéiert, sollt Dir Är Preferenzen a Saachen Nohaltegkeet, Är Investitiounsziler an Är eege Risikotoleranz berécksiichtegen.
Risikotoleranz diktéiert Är Investitiounsstrategie: Wat méi Risiko Dir bereet sidd ze huelen, wat Är Wäertpabeiere warscheinlech zu méi grousse Schwankungen ausgesat sinn a wat dir si méi musst iwwerwaachen. Diversifikatioun hëlleft Risiken auszegläichen a Verloschter ze limitéieren. Dës Empfeelungen si wouer fir nohalteg an traditionell Investitiounen.
Wat ass de Risiko wann dir keng Nohaltegkeetskrittäre berécksiichtegt, wann Dir Investitiounsentscheedungen huelt?
Keng Nohaltegkeetskrittäre berécksiichtege wann een Investitiounsentscheedungen hëlt, kann zu Risike fir Investisseuren, fir d'Ëmwelt a fir d'Gesellschaft am Allgemenge féieren.
Als éischt gëtt et de Risiko vu enger laangfristeg finanzieller Ënnerperformance, well Firmen déi net nohalteg si finanziellen- a Reputatiounsproblemer ausgesat sinn, déi hiren zukünftege Wuesstem beaflossen. De Rendement vun enger Investitioun kann och beaflosst ginn, wann d'Betriber un Ëmwelt- oder soziale Risiken ausgesat sinn, wéi zum Beispill Klimawandel oder Mënscherechtsskandaler.
Mir schwätzen hei iwwer stranded assets, nämlech Investitiounen oder Verméigen, deenen hire Wäert duerch Ännerungen an der Gesetzgebung, Ëmweltbeschränkungen oder Technologien devaluéiert gëtt.
Ausserdeem kann d'Nëttberécksiichtige vun Nohaltegkeetskrittären en negativen Impakt op d'Ëmwelt an d'Gesellschaft allgemeng hunn. Entreprisen déi net nohalteg sinn, kënne bedeitend Ëmweltschied verursaachen, wéi Loft- a Waasserverschmotzung, Entbëschung oder Zerstéierung vun natierleche Liewensraim. Si kënnen och lokal Gemeinschaften negativ beaflossen, besonnesch vulnerabel Populatiounen, wéi Aarbechter, Fraen a Kanner.
Et gi vill Grënn firwat Firmen déi keng Efforten a Saachen Nohaltegkeet maachen u méi héich Risiken ausgesat sinn. Dofir ass et unzeroden Nohaltegkeetscritèren an Ären Investitiounsentscheedungen ze berécksiichtegen an dofir ze suergen dat Dir Äert investéiert Kapital u Firme riicht, déi Efforte maache fir nohalteg ze sinn an déi op e stabille laangfristeg Wuesstem ofzielen. Déi extrafinanziell Berichter vun de Firme kënnen Iech hëllefen hir Nohaltegkeet Efforten ze bewäerten.
Richteg oder falsch?
Wat bestëmmt d'Risike wann Dir investéiert?
D'Risike variéieren ofhängeg vun Ärer Investitioun. Et ass also wichteg se ze verstoen ier Dir eng Entscheedung maacht. Et kann een déi folgend Risiken ënnerscheeden:
• Maartrisiko
De Maartrisiko ass mat Schwankungen um Finanzmaart wéi Schwankungen an Aktiepräisser, Zënssätz oder Commodity Präisser verbonnen.
• Kreditrisiko
Kreditrisiko ass de Risiko datt de Prêteur net fäeg ass de Kapital oder Zënsen op e Prêt oder eng Investitioun zréckzebezuelen.
• Liquiditéitsrisiko
Liquiditéitsrisiko ass de Risiko datt den Investisseur seng Investitioun net séier oder zu engem verstännege Präis ka verkafen.
• Operationelle Risiko
Operationelle Risiko ass de Risiko am Zesummenhang mat den Aktivitéite vun der Firma, sou wéi Produktiounsproblemer, Risiken am Zesummenhang mat Gestioun, Reglementer, Sécherheet oder Ruff.
• Sektorielle Risiko
Sektorielle Risiko bezitt sech op Risiken déi mat engem bestëmmte Secteur verbonne sinn. Verschidde Secteuren si méi riskant wéi anerer wéinst Konkurrenz, Reglementer an Evolutiounen an der Technologie.
• Politesche Risiko
Politesche Risiko ass de Risiko verbonne mat politeschen, wirtschaftlechen oder reglementaresche Verännerungen, déi Investitioune beaflosse kënnen, sou wéi Ännerungen an der Steierpolitik oder geopolitesch Spannungen.
Am Allgemengen ass e gudde Reflex ëmmer Är Investitiounen ze diversifizéieren, se reegelméisseg ze iwwerwaachen an Är Investitiounen no Maartentwécklungen unzepassen.
Soll ee grouss Betriber am Energiesecteur vermeide wann een nohalteg investéiere wëllt?
Grouss Firmen am Energiesecteur kënnen dacks Praktiken hunn, déi als net nohalteg ugesi ginn, wéi d'Benotzung vu fossille Brennstoffer an d'Emissioun vun Zäregasen. Allerdéngs, verschidde vun dësen Entreprisë wandelen hir Aktivitéiten am Kader vun der Energietransitioun op erneierbar Energien ëm an droen domat zu enger méi nohalteger Zukunft bäi.
Si brauche bedeitend Investitioune fir erfollegräich op eng nohalteg Energieversuergung iwwerzegoen. Andeems Dir dës Firmen an hirer Transitioun ënnerstëtzt, kënnt Dir hëllefen d'Zäregasemissiounen ze reduzéieren an d'Klima ze schützen. Schlussendlech hänkt d'Entscheedung fir an esou eng Firma am Energiesecteur ze investéiere vun Ären eegene Wäerter an Ären eegene Nohaltegkeetskrittären of.
Firwat gëtt et keng Alternativ zum Iwwergang op nohalteg Finanzen?
Et gëtt ëmmer méi kloer, datt déi wirtschaftlech a finanziell Modeller aus der Vergaangenheet laangfristeg net méi liewensfäeg sinn. Firmen déi Ëmwelt-, Sozial- a Gouvernance (ESG) Faktoren net berécksiichtigen , sinn ëmmer méi finanzielle Risiken, reglementaresche Käschten, Reputatiounsverloschter, Transitiounskäschten, Produktivitéitsverloschter oder Käschte vun der Adaptatioun un de Klimawandel ausgesat.
Ausserdeem sinn sech d'Konsumenten an d'Investisseuren ëmmer méi vum Impakt vun hire finanzielle Choixe bewosst.
Regierungen, Regulateuren an international Organisatioune schaffen och u Reegelen a Standarde fir nohalteg Finanzen ze encouragéieren.
Schlussendlech sinn nohalteg Finanzen e Choix deen net ze ëmgoen ass, fir d'laangfristeg wirtschaftlech a finanziell Stabilitéit ze garantéieren, Ëmwelt- a sozial Erausfuerderungen entgéintzekommen an Erwaardunge vun all de Parteien z'erreechen.
Definitioun vum Mount: stranded assets
Et ass en Ausdrock deen am Finanzberäich benotzt gëtt, fir vun Investitiounen oder Verméigen ze schwätzen, déi u Wäert verléiere wéinst Ännerungen um Maartëmfeld.
Dës Maartwärtverloschter sinn haaptsächlech mat groussen a plëtzlechen Ännerungen an der Gesetzgebung, Ëmweltbeschränkungen oder technologeschen Innovatioune verbonnen. Déi Aktiva sinn dann obsolet ier se voll amortiséiert goufen.
All Mäert kënnen duerch dëse schnelle Wäertverloscht betraff sinn: Technologien, Energien, Autoen, asw.
Dës Notioun vum stranded assets huet u Wichtegkeet gewonne wéinst Ëmwelt- a Klimafroen, déi zënter den 1990er gewuess sinn.
De fossille Brennstoffsekteur (Ueleg, Gas, Kuel) fänkt un vun dëser Aart vun Devaluatioun betraff ze ginn.
Firmen, déi an de fossille Brennstoffer aktiv sinn, riskéiere Wäert an den Ae vun den Investisseuren ze verléieren, well se hir Reserven net ausnotze kënnen duerch Ëmweltschutzbestëmmungen an Reglementer fir géint déi global Erwiermung virzegoe wéi: de Kuelestoffmaart, Kuelestoffbesteierung, Begrenzung vu CO2 Emissiounen, gréng Obligatiounen ...
(Quelle: www.novethic.fr)