Är Dreem mat engem responsabelen Investissement realiséieren

Dir hutt lauter Projeten am Kapp? En Haus kafen oder renovéieren, Fotovoltaik Pannoen oder eng Zär am Gaart installéieren, fir d'Studie vun Ären (Enkel-)Kanner spueren… Hutt Dir schonn dru geduecht fir z'investéiere fir dës ze verwierklechen? Mat easyLIFE Invest for Future musst Dir keen Expert vun der Finanzwelt sinn!
De Risiko streeën
easyLIFE Invest for Future ass en Investmentproduit, dee sech un Är Besoinen upasst! Entspriechend Ärem Investisseurprofil an Ärer Risikobereetschaft, kënnt Dir Är Suen tëschent Investitiounsfongen an enger sécherer Komponent opdeelen, fir Är Erspuernesser ze sécheren.
D'Formele Safe, Balanced oder Dynamic bidden Iech verschidden Opdeelungen tëschent geschütztem Kapital a Fongen. Dës Formele kënne wärend der gesamter Kontraktsdauer un d'Entwécklung vun Ärem Profil ugepasst ginn.
An eng besser Zukunft investéieren
Dir maacht Iech Suergen iwwer d'Auswierkunge vun Ären Investitiounen op d'Ëmwelt? Mir och! easyLIFE Invest for Future bitt Iech dohier eng interessant a verantwortlech Alternativ, déi Ären etheschen, sozialen an ekologesche Wäerter entsprécht.
Sidd verséchert, dass all Är Erspuernesser, souwuel de kapitalgeschützten Deel wéi och den Deel, deen a Fonge geet, verantwortlech no der ESG-Klassifikatioun (Environment, Social and Governance) investéiert ginn, an dat dank dem Label ESG-Versécherungsproduit vu LuxFLAG.
Zougänglech a flexibel
easyLIFE Invest for Future ass ab enger eemoleger Primm vun 1 000 € a 50 € pro Mount zougänglech. Kombinéiert ganz einfach Kapitalschutz an d'Performance vu Fongen an investéiert an Ärem Tempo ouni Impakt op Äre finanziellen Alldag.
Är Erspuernesser sinn nach méi flexibel! Wann néideg, kënnt Dir zu all Moment Äert Kapital komplett oder deelweis erauszéien, andeems Dir gewësse Mindestmontante berécksiichtegt.
Entspaant virauskucken
Egal ob Dir fir Är eege Projeten oder fir d'Zukunft vun Ären (Enkel-)Kanner investéiert: Dir hutt de fräie Choix vun de Beneficiairen. Esou kënnt Dir an aller Rou Är Successioun plangen.
D'Kiischt um Kuch: d'Kapital ass um Enn vum Kontrakt steierfräi.
Professionelle Rot
Frot Äre LALUX Agent ëm Hëllef fir Ären easyLIFE Invest for Future Kontrakt opzesetzen a loosst Är Projete wuessen!
Méi iwwer easyLIFE Invest for Future.