Am Kader vun enger gemeinsamer Initiativ tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Union Commerciale de la Ville de Luxembourg zesumme mam Mudam Luxembourg, hunn d'Butteker aus der Stad d'Méiglechkeet gehat fir sech e Konschtwierk aus der Sammlung vum Mudam erauszewielen a bei sech de ganze Mee laang auszestellen. Mat dëser aussergewéinlecher Aktioun, presentéiert sech de Mudam engem méi breede Publikum fir den Dialog iwwer Begrëffer wéi Goût, Qualitéit an d'Bedeitung vun der Konscht vun haut ze fuerderen.