Och fir e Méindeg stoungen op der Futtball-WM am Katar nees 4 Matcher um Programm.

Kamerun a Serbien hunn 3:3 gespillt. Um 14 Auer war et am Grupp H u Südkorea a Ghana (2:3). Am Match Brasilien géint d'Schwäiz gouf et eng knapp Victoire fir d'Südamerikaner an den Owend um 20 Auer ass de Match Portugal géint Uruguay.

De Resumé vun de Matcher vum Gilles Tricca

Grupp G

Kamerun - Serbien 3:3
1:0 Castelletto (29'), 1:1 Pavlovic (45+1'), 1:2 Milinkovic-Savic (45+3'), 1:3 Mitrovic (53'), 2:3 Aboubakar (63'), 3:3 Choupo-Moting (66')

D'Ekipp aus Serbien war besser an de Match gestart an huet iwwer wäit Strecken de Match dominéiert. An der 29. Minutt gouf et dunn awer déi kal Dusch, well no engem Corner konnt de Castelletto de Kamerun a Féierung bréngen. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent hunn d'Serbe sech dunn awer fir hiert Engagement belount, do konnte si nämlech direkt zweemol markéieren. De Pavlovic konnt ausgläichen, ier de Milinkovic-Savic Serbien a Féierung bruecht huet.

Nom Säitewiessel, an der 53. Minutt, konnten d'Serben dunn nach esouguer een drop setzen. No engem Ballverloscht vum Kamerun konnt de Mitrovic op 3:1 stellen. Wie gemengt huet, de Match wier elo decidéiert, dee sollt eppes besserem beléiert ginn. Bannent nëmmen 3 Minutte konnt de Kamerun nämlech de Match nei lancéieren. An der 63. Minutt huet den Aboubakar op 2:3 verkierzt an an der 66. Minutt war et de Choupo-Moting, deen den Ausgläich markéiert huet. Bis zum Schluss ass et beim 3:3 bliwwen.

Brasilien - Schwäiz 1:0
1:0 Casemiro (83')

Et war an der éischter Hallschent eng gréisstendeels ausgeglache Partie tëscht Brasilien an der Schwäiz. D'Seleçao hat wuel déi besser Chancen, huet dës awer an den éischte 45 Minutten net konsequent genuch op en Enn gespillt. D'Schwäiz wousst virun allem defensiv ze iwwerzeegen, aus enger stabiller Verdeedegung eraus konnte si och ëmmer nees fir Entlaaschtung suergen. Eng richteg geféierlech Golaktioun hat d'Schwäiz awer net.

An der zweeter Hallschent war et e relativ änlecht Bild. Et sollt dann och bis zur 64. Minutt daueren, bis de Ball eng éischte Kéier am Filet gelant ass. De Gol vum Vinicius Junior gouf an der Suite wéinst enger Abseitspositioun zeréckgeholl. Brasilien huet dono ëmmer méi dominant agéiert a konnt an der 83. Minutt duerch de Casemiro den erléisenden 1:0 markéieren. Bis zum Schluss ass et och bei deem Resultat bliwwen, deemno stinn d'Brasilianer schonns sécher an den Aachtelsfinallen.

Grupp H

Südkorea - Ghana 2:3
0:1 Salisu (24'), 0:2 Kudus (34'), 1:2 Cho (58'), 2:2 Cho (61'), 2:3 Kudus (69')

Südkorea ass däitlech besser an de Match komm. D'Ekipp vum Trainer Paulo Bento huet probéiert, de Géigner mat engem Powerplay an d'Defensiv ze drängen. Wéi de Salisu an der 24. Minutt den 1:0 fir Ghana geschoss huet, huet hien domat de Spillverlaf op d'Kopp gestallt. De Kudus konnt dunn an der 34. Minutt esouguer nach noleeën.

Nom Säitewiessel hunn d'Südkoreaner elo missen eng Reaktioun weisen a bannent 3 Minutte ware si dann och nees am Spill, well do konnt den Cho direkt zweemol markéieren. De Kudus vun Ajax Amsterdam huet dunn an der 69. Minutt Ghana mat sengem zweete perséinleche Gol nees a Féierung bruecht. An der Schlussphas huet Ghana nach eemol uerdentlech missen zidderen, ma schlussendlech wannen d'Westafrikaner de Match mat 3:2.

Portugal - Uruguay 2:0
1:0 Fernandes (54'), 2:0 Fernandes (90'+3')

Portugal war virun allem an der éischter Hallschent déi kloer méi aktiv Ekipp, och wann et der Mannschaft ëm de Cristiano Ronaldo hei net gelongen ass, den ofschléissende Gol ze maachen. Kuerz virun der éischter Halbzeit ass dunn Uruguay awer spierbar besser an de Match komm a béid Ekippen haten hier Chancen. Et ass dunn mat 0:0 an d'Kabinne gaangen.

Nom Säitewiessel dunn ass Uruguay méi aktiv an de Match komm an hat definitiv seng Chancen. An der 54. Minutt war et dunn awer de Bruno Fernandes, dee Portugal a Féierung schéisst. Ufanks huet et ausgesinn, wéi wann et eng Flank op de Cristiano Ronaldo war, ma hien ass awer do net méi mam Kapp dru komm an de Ball ass direkt an de Gol gaangen.

No engem Handspill säitens Uruguay krut Portugal dunn an der Nospillzäit en Eelefmeter, deen och de Fernandes an der 93. Minutt ouni Problem konnt maachen. Och wann Uruguay sech Chancen erspillt huet, ass bei der 2:0 Victoire fir Portugal bliwwen, déi dann och sécher eng Ronn weider sinn.

D'Tabellen am Iwwerbléck

Tabell