
Um Freideg goufen déi lescht Matcher vun der Gruppephas am Katar gespillt.
Et war spannend am Grupp H, manner kann een dozou net soen. Laang hat et dono ausgesinn, datt Portugal an Uruguay weider wieren. Ma well Südkorea awer an der Nospillzäit géint Portugal a Féierung gaangen ass an de Match gewonnen huet, hu si um leschte Meter sech fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert.
Am Grupp G war et eng rasant Partie tëscht Serbien an der Schwäiz. Nodeems Serbien tëschenzäitlech mat 2:1 a Féierung louch, konnten d'Eidgenossen de Match awer nach dréinen an sech esou fir 1/8-Finall qualifizéieren. Am zweete Match gewënnt Kamerun iwwerraschend mat 1:0 géint Brasilien. D'Seleção ass sengersäits awer mat enger B-Ekipp ugetrueden, waren si schonn am Virfeld fir 1/8-Finallen qualifizéiert.
An den Aachtelsfinallen treffen elo Brasilien op Südkorea a Portugal kritt et mat der Schwäiz ze dinn.
Grupp H
Portugal war mat 6 Punkten egal wéi sécher eng Ronn weider. Ghana mat 3 Punkten hat et selwer an der Hand, fir nach an déi nächst Ronn ze kommen. Uruguay a Südkorea (béid 1 Punkt) haten zwar nach d'Chance, waren awer vun de Resultater um aneren Terrain ofhängeg.
Südkorea - Portugal 2:1
0:1 Horta (5'), 1:1 Kim Young-Gwon (27'), 2:1 Hwang Hee-Chan (90'+1)

© AFP
Portugal huet net laang gefackelt an ass mat der zweeter gréisserer Chance vum Match a Féierung gaangen. Den Dalot hat den Horta esou propper fräigespillt, datt deen nach just den eidele Gol viru sech hat. 27 Minutten huet et gedauert, bis Südkorea geäntwert huet: No engem Corner war de Ball iwwer Ëmweeër bei de Kim Young-Gwon komm, dee seng Faarwen zeréck an de Match bruecht huet. Portugal hat nach dräi gréisser Chancen, ma Dalot, Ronaldo a Vitinha kruten de Ball net an de Gol.
Nom Säitewiessel hu béid Ekippen net méi esou zwéngend no Vir gespillt, wéi nach an den éischte 45 Minutten. Zwar gouf et déi eng oder aner Ofschlëss, ma laang näischt Zwéngendes. Dat bis an der Nospillzäit, wéi den Hwang Hee-Chan de Golkipp konnt bezwéngen, no engem vum Son gutt erausgespillte Konter. Fir d'Südkoreaner war dëse Gol wichteg, well si mat dräi Punkte konnte weiderkommen. Dëse Match ass da mam 2:1 fir Südkorea ausgaangen a well am zweete Match kee Gol méi gefall ass, waren d'Koreaner mat dëser Victoire an der Aachtelsfinall.
Ghana - Uruguay 0:2
0:1 De Arrascaeta (26'), 0:2 De Arrascaeta (32')

© PABLO PORCIUNCULA/AFP
Ghana war am Ufank vum Match besser a gouf an der 19. Minutt, nodeem den Arbitter de VAR ageschalt hat, mat engem Eelefmeter belount. De schwaache Schoss vum Ayew konnt de Rochet awer paréieren. Dono war Uruguay waakreg an et huet knapp fënnef Minutte gedauert, bis den De Arrascaeta vun zwee Feeler an der Defense vun Ghana an engem vum Golkipp ofgeprallte Schoss konnt profitéieren. Den 2:0 huet dann och net laang op sech waarde gelooss. No 32 Minutte war et nees den De Arrascaeta, deen no enger Virlag vum Suarez eleng virum Gol opgetaucht ass. Nom dësem Treffer gouf de Match op béide Säiten e bësse méi ruppeg, ma richteg geféierlech Offensivaktioune si virun der Paus ausbliwwen.
Uruguay war och nom Téi déi méi geféierlech Ekipp an no 57 Minutten hat den Arbitter hinnen en Eelefmeter zougesprach, deen awer vum VAR zeréckgeholl gouf. Ma och dono huet Uruguay weider Drock gemaach a Ghana koum net méi wierklech an de Match zeréck. Et huet du bis zu der 80. Minutt gedauert, bis nees méi virum Gol passéiert ass, ma den Semenyo hat fir Ghana de Ball knapp laanscht de Gol geschoss a kuerz drop huet de Rochet am Gol vun Uruguay gutt paréiert. Nodeem et am Stadion den Tour gemaach huet, datt Südkorea am anere Match a Féierung gaangen ass, huet Uruguay nees missten urappen, well bei den aktuelle Score wieren d'Südamerikaner eraus an d'Asiate weider gewiescht. Si hunn zwar den Drock nees erhéicht, et sollt awer näischt méi dobäi eraussprangen. Esou wënnt Uruguay zwar 2:0 géint Ghana, muss déi zweet Plaz awer de Südkoreaner iwwerloossen.
Grupp G
6 Punkten hat Brasilien a stoung sécher an der nächster Ronn. D'Schwäiz konnt an hirem Match alles kloer maachen, ouni mussen op den aneren Terrain ze kucken. Ma wéi schonn an der Grupp H kënne Kamerun a Serbien weiderkommen, wa si hiren eegene Match wannen an et um aneren Terrain fir si richteg ausgeet.
Serbien - Schwäiz 2:3
0:1 Shaqiri (20'), 1:1 Mitrovic (26'), 2:1 Vlahovic (35'), 2:2 Embolo (44'), 2:3 Freuler (48‘)

© AFP
Et war eng intensiv éischt Hallschent, bei der d'Schwäiz mat 100 à l'heure gestart ass. No 25 Sekonne sinn Embolo a Rodgriuez awer um serbesche Golkipp Milinkovic-Sabic hänke bliwwen. No ronn 10 Minutte sinn d'Serbe fir eng éischte Kéier geféierlech virum Gol vun der Schwäiz opgedaucht, dem Zivkovic säi Schoss sollt awer un de Potto goen. No Viraarbecht vum Sow huet de Shaqiri d'Eidgenossen an der 20 Minutt a Féierung geschoss. Serbien huet sech net opginn a konnt de Match bannent 9 Minutten dréinen. Mitrovic huet per Kapp den Ausgläich markéiert éier de Vlahovic no engem Ballverloscht vun de Schwäizer den 2:1 fir Serbien markéiere konnt. Kuerz virun der Paus ass der Schwäiz a Persoun vum Embolo no enger flotter Kombinatioun nach den Ausgläich gegléckt.
Déi zweet Hallschent huet genau sou ugefaange wéi déi Éischt. D'Schwäiz huet direkt de Wee no vir gesicht a konnt sech dëst Kéier belounen. No engem flotte Kombinatiounsspill tëscht Embolo, Shaqiri a Vargas war et de Freuler deen aus kuerzer Distanz d'Schwäiz nees a Féierung geschoss huet. Serbien, déi zu dësem Zäitpunkt ferm ënner Drock stoungen a 2 Goler gebraucht hunn, hu sech schwéier gedoen. D'Schwäizer stounge kompakt an hunn net méi vill ubrenne gelooss. Et sollt dann och näischt méi passéieren sou dass d'Schwäiz sech als Gruppen-Zweete fir d'Aachtelsfinall qualifizéiere konnt.
Kamerun - Brasilien 1:0
1:0 Aboubakar (90+2‘)

© AFP
De Seleçao-Coach Tite huet am Verglach vum leschte Match ganzer 9 mol gewiesselt. Et souzen ënnert anerem Alisson, Richarlison a Casemiro op der Bänk. Kamerun huet misse wannen, déi éischt grouss Chance hat awer Brasilien an der 14. Minutt. No engem flotten Zouspill huet de Fred de Gabriel Martinelli a Zeen gesat, säi Kappball ass awer inekstremis paréiert ginn. Kamerun huet sech virun allem an der Offensiv schwéier gedoen, an hat mam Mbuemo kuerz virun der Paus déi beschte Chance. Mam 0:0 ass et an d'Paus gaangen.
Och nom Säitewiessel hat Brasilien déi besser Golgeleeënheeten. Mee souwuel de Martinelli wéi och de Militao sinn um staarken Epassy am Kameruner Gol hänke bliwwen. Nodeem d’Schwäiz am zweete Match am Grupp G a Féierung gaangen ass, war et fir Kamerun kloer, dass si déi nächste Ronn net méi pake géifen. Laang huet dono ausgesi wéi wann de Match mat engem 0:0 géif op e Enn goen, éier den Aboubakar an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit dach nach den 1:0 fir Kamerun geschoss huet. Well den Aboubakar nom Gol säin Trikot ausgedoen huet, ass dem Arbitter näischt aneschters iwwreg bliwwen, wéi déi Giel Kaart ze weisen. Well de Kameruner awer scho virgewarnt war, ass et dunn zu Giel-Rouder Kaart komm. E geckege Schluss an dëser Partie. Kamerun steet op der drëtter Plaz an der Tabell, hannert Brasilien an der Schwäiz.