E Sonndeg ass et bei der WM am Katar mat den zwou nächsten Aachtelsfinalle weidergaangen.

E Samschdeg konnte sech mat Holland an Argentinien schonn déi zwou éischt Ekippen eng Plaz an de 1/4-Finalle sécheren.

Am éischte Match vum Dag huet sech Frankräich mat enger 3:1-Victoire géint Polen fir déi nächst Ronn qualifizéiert. Do geet et fir d'Equipe Tricolore géint d'Three Lions aus England, déi sech kloer mat 3:0 géint Senegal behaapte konnten.

De Resumé vun de Matcher - Reportage Sam Rickal

De Resumé

Frankräich - Polen 3:1
1:0 Giroud (44'), 3:0 Mbappé (74'), 3:0 Mbappé (90+1'), 3:1 Lewandowski (90+9')

Den aktuelle Weltmeeschter ass ufanks op eng déif stoend polnesch Ekipp getraff, déi virun hirem Gol nëmme wéineg zougelooss huet. Eenzeg per Distanzschoss huet de Ball de Wee a Richtung Gol fonnt, wou de formstaarken Szczesny awer net ze iwwerwanne war. Mat der Zäit huet sech Polen deen een oder anere Ballverloscht erlaabt, vun deenen d'Fransousen awer laang net sou richteg profitéiere konnten. Op der anerer Säit haten d'Polen dann direkt zwee Mol d'Chance op ee Gol, déi awer zwee Mol net genotzt goufen. Kuerz virun der Paus war et dann awer de Giroud, deen no engem Zouspill vum Mbappé ongestéiert op 1:0 gestallt a Frankräich sou mat enger Féierung an d'Vestiairë geschéckt huet.

Am zweeten Duerchgang huet sech Polen da méi offensiv opgestallt, fir de Géigner méi ënner Drock ze stellen. Dat huet ufanks och geklappt, mam Spillverlaf ass Frankräich dann awer rëm ëmmer méi staark ginn. Ronn 15 Minutte viru Schluss hat den Mbappé dann aus geféierlecher Positioun ze vill Plaz an Zäit a krut sou den 2:0 fir d'Equipe Tricolore geschoss. An der leschter Spillminutt huet de Stiermer vum PSG dann zum Ofschloss nach eng Kéier seng Stäerkt ënner Beweis gestallt an op 3:0 erhéicht. Polen muss een urechnen et probéiert ze hunn, um Enn ass et awer trotz engem Gol vum Punkt an der néngter Minutt vun der Nospillzäit géint e verdéngte Gewënner aus Frankräich an e staarken Mbappé net duergaangen.

England - Senegal 3:0
1:0 Henderson (38'), 2:0 Kane (45+3'), 3:0 Saka (57')

England ass als Favorit an de Match gaangen an huet dës Roll ufanks och um Terrain mat vill Ballbesëtz ugeholl. D'Senegalesen hu sech awer och net verstoppt an ëmmer nees engagéiert de Wee no vir gesicht. D'Three Lions goufen sou no an no aus dem Spill geholl a ware gefuerdert opzepassen, fir net duerch eng Konterattack a Réckstand ze geroden. Méi no um éischte Gol war also Senegal, ma dësen ass dann awer an der 39. Minutt fir d'Englänner gefall. No engem Zouspill vum Bellingham konnt den Henderson op 1:0 stellen. Mat der leschter Aktioun vun der éischter Hallschent war et duerno dann nach de Kane, dee mat engem stramme Schoss souguer nach op 2:0 erhéicht huet.

Nom Säitewiessel war d'Loft bei der Ekipp vum Senegal da liicht raus. Dat huet England och gemierkt an huet de Match elo komplett bestëmmt. Mam Gol vum Saka an der 57. Minutt war d'Partie da schonn eng gutt hallef Stonn viru Schluss sou gutt wéi entscheet. D'Englänner hunn d'Féierung sécher iwwert d'Zäit bruecht a qualifizéiere sech um Enn verdéngt fir d'1/4-Finalle, wou et elo géint Frankräich geet.