An der hëtzeger 2. Véierelsfinall mat 14 giele Kaarten huet sech Argentinien mat 4:3 am Eelefmeterschéissen géint Holland duerchgesat.

Dobäi louch Argentinien schonns souverän mat 2:0 a Féierung, éier Holland an der Schlussphas zwee Goler markéiert an et an d'Verlängerung gepackt huet. Do sollte keng Goler falen, soudass d'Entscheedung huet missen am Eelefmeterschéisse falen, mam besseren Enn fir d'Argentinier.

An enger staark ëmkämpfter éischter Véierelsfinall konnt sech Kroatien géint Brasilien och am Eelefmeterschéissen duerchsetzen a réckelt an déi virlescht Ronn vun der Futtball-WM weider.

Résumé vun de WM-Matcher / Reportage Guy Seyler

D'Resuméë vun de Matcher

Kroatien - Brasilien 1:1 (4:2 no Eelefmeterschéissen)
0:1 Neymar (105'+1) 1:1 Petkovic (117')

An der éischter Hallschent hu sech Neymar & Co. schwéier géint de Vizeweltmeeschter Kroatien gedoen. Ëmmer nees konnten d'Osteuropäer dat brasilianescht Opbauspill stéieren a mam Josip Juranovic iwwert déi riets Säit geféierlech ginn. Vill Chancë gouf et allerdéngs fir keng Ekipp. E Fräistouss an der 42. Minutt vum Neymar aus gudder Positioun, goung direkt an d'Äerm vum kroatesche Goalkeeper Dominik Livakovic.

Am zweeten Duerchgang huet Brasilien dunn opgedréint an ass direkt no 3 Minutte mat zwou décke Geleeënheete geféierlech ginn, allerdéngs ouni Erfolleg. Kroatien huet ëmmer nees de Wee bis an de brasilianesche 16-Meter fonnt, konnt virum Gol vum Alisson Becker awer keng wierklech Gefor ausstralen, wougéint d'"Seleção" am weidere Spillverlaf déi däitlech besser Chancen hat. Den entscheedenden 1:0 ass no 90 Minutten trotzdeem net gefall.

D'Sich nom éischten Halleffinalist vun dëser Futtball-WM misst uschléissend an der Verlängerung weidergefouert ginn, wou Brasilien änlech geféierlech opgetrueden ass, mä trotzdeem net laanscht kompakt stoend Kroaten koum, déi sech nëmmen nach op d'Defense konzentréiert hunn. Kuerz viru Schluss vun den éischte 15 Minutten dann de Schock fir d'Osteuropäer: An der Nospillzäit vun der 105. Minutt huet den Neymar fir d'éischt en Doppelpass op de Rodrygo an dann op de Lucas Paqueta gespillt, ier en de Ball aus spatzem Wénkel vu riets an de Gol geknuppt huet.

Wärend de Rekordweltmeeschter a Gedanke wuel schonn an der Halleffinall war, hunn d'Kroaten äiskal zeréckgeschloen: An der 117. Minutt hat de frësch agewiesselten Mislav Orsic déi lenks Säit fir sech a konnt de Ball an den Zenter op de Bruno Petkovic spillen, dee mam 1:1 seng Kroaten zeréck an d'Spill bruecht huet.

Et koum zum Eelefmeterschéissen wou d'Kroate wéi och scho géint Japan d'Nerve behalen an an d'Halleffinall weider réckele konnten. Bei de Brasilianer hunn de Rodrygo an de Marquinhos verschoss.

Holland - Argentinien 2:2 (3:4 no Eelefmeterschéissen)
0:1 Molina (35'), 0:2 Messi (73', Eelefmeter), 1:2 Weghorst (83'), 2:2 Weghorst (90'+11)

Beim WM-Klassiker tëschent Holland an Argentinien ass an den éischten 30 Minutten net vill passéiert. D'Südamerikaner hate liicht méi vum Match, hu sech awer keng Golchancen erausgespillt. Vun den Hollänner war bis op eng Flank vum Dumfries, déi ofgewiert gouf an en ongeféierleche Schoss vum Depay näischt ze gesinn. No der hallwer Stonn huet sech Argentinien ëmmer méi an der hollännescher Hallschent festgesat a gouf an der 35. Minutt belount. De Molina gouf vum Messi wonnerbar an d'Déift geschéckt an huet seng Faarwen a Féierung bruecht. Den Hollänner ass an enger éischter Phas nom Gol näischt géint déi aggressiv Spillweis vun de Südamerikaner agefall. An der Paus hat dem Louis van Gaal seng Ekipp net eemol op de Gol geschoss.

Nom Säitewiessel stoung Argentinien kompakt um Terrain an huet déi geféierlech Raim fir d'Hollänner zougemaach. Depay a Co. hunn am Spillopbau awer weiderhin ze vill Feeler gemaach an den Argentinier geféierlech Geleeënheeten erméiglecht. An der 63. Minutt goung e Fräistouss vum Messi knapp iwwert de Gol. De van Gaal huet probéiert, mat offensive Wiesselen Afloss op d'Spill ze huelen, de Gol sollt awer op der anerer Säit falen. No engem Feeler vum Dumfries op den Acuna huet de Messi den Eelefmeter erageschoss an den 2:0 markéiert. D'Hollänner hunn awer net opginn a sinn an der 83. Minutt duerch de Weghorst nach emol erukomm. Argentinien war veronséchert, den de Jong konnt seng gutt Chance kuerz drop awer net notzen. An enger hëtzeger Schlussphas mat 10 Minutten Nospillzäit huet Holland nach emol alles no vir gehäit a gouf an der leschter Sekonn mam Ausgläich belount. No enger flotter Fräistoussvariant huet de Weghorst mat sengem zweete Gol ausgeglach.

An der 1. Hallschent vun der Verlängerung ass bis op e Fräistouss vum Messi näischt virun de Goler passéiert. An der zweeter Hallschent huet Argentinien den Drock erhéicht. Martinez, Fernandez a Pezzella hunn awer gutt Chancë leie gelooss. An der leschter Aktioun huet den Enzo Fernandez just de Potto getraff.

Och an der 2. Véierelsfinall huet de Gewënner also missen am Eelefmeterschéissen ermëttelt ginn. An do huet sech Argentinien duerchgesat, well de Golkipp Martinez 2 Eelefmetere gehalen huet. An der Halleffinall spillt Argentinien elo géint Kroatien.