
© AFP
De renomméierten US-amerikaneschen Sportjournalist Grant Wahl war wärend der Véierelsfinall Argentinien géint Holland zesummegebrach a gestuerwen.
Méi konkret an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent. Déi aner Reporter hunn direkt Hëllef gefrot. Kuerz duerno waren Dokteren a Sanitäter do, mä et war ze spéit.
Den 49 Joer ale Journalist hat virdrun iwwer eng Bronchite geklot.
Op senger Internetsäit hat hie rezent geschriwwen, dass d'Konditiounen am Emirat sengem Kierper ze schafe maache géingen. De Grant Wahl hat iwwer Péng am Broschtberäich geklot. Zéng Deeg laang wär hien erkaalt gewiescht. Hien hätt Antibiotiquen an e staarken Houschtsirop verschriwwe kritt. D'Dokteren am medezineschen Zentrum vun der WM si vun enger Bronchite ausgaangen. Coronatester wären negativ gewiescht.
Dem Journalist no hätte vill anerer och extremen Houscht gehat déi lescht Deeg.
De Wahl war ee vun de bekanntste Sportjournalisten an den USA. D'Turnéier am Katar war scho seng aacht WM, déi hie berufflech suivéiert hat.