E Samschdeg stoungen déi lescht zwou 1/4-Finallen um Programm. Dobäi ass am Nomëtte Portugal op de Marokko getraff an owes Frankräich op England.

An enger staark ëmkämpfter éischter Véierelsfinall konnt sech de Marokko géint Portugal behaapten an de Match mat 1:0 gewannen.

An der leschter Véierelsfinall, déi duerch Intensitéit a schéine Futtball iwwerzeegt huet, ka sech Frankräich mat 2:1 géint England duerchsetzen.

Domadder trëfft de Marokko an der zweeter Halleffinall op Frankräich.

Resumé Futtball-WM / Reportage Franky Hippert

An der éischter Halleffinall kënnt et zum Duell tëscht Kroatien an Argentinien.

D'Resuméë vun de Matcher

Marokko - Portugal 1:0
1:0 En-Nesyri (42')

Portugal huet vun Ufank u monter no vir gespillt an d'Marokkaner direkt ënner Drock gesat. Esou huet de Bono schonn an der 4. Minutt e geféierleche Schoss vum Joao Felix missen entschäerfen. D'Afrikaner hu sech vum portugiseschen Drock allerdéngs net iwwerrasche gelooss an hu selwer probéiert duerch e puer séier Konteren déi portugisesch Defense auszespillen. An der éischter Véierelsstonn konnten d'Marokkaner dobäi awer net geféierlech virum Gol vun de Portugisen opdauchen. Den Ziyech hat an der 18. Minutt mat sengem Schossversuch, deen awer däitlech nieft dem Gol ageschloen ass, nach déi beschten Occasioun. Duerno ass bis déi 31. Minutt net méi vill um Terrain geschitt, bis datt de Joao Felix nees eng Kéier e Schoss a Richtung Gol lassgelooss huet. Dëse gouf awer a leschter Sekonn ofgefälscht, soudatt de Schoss esou just iwwert d'Lat ewechgeflunn ass. An der 35. Minutt waren et d'Marokkaner, déi eng Chance ze verbuchen haten. Mä den Amallah huet de Ball no enger Flank an den drëtte Stack gesat. Dëse Schoss huet d'Marokkaner allerdéngs wakereg gemaach. Esou war et de Bouffal, deen eng Minutt méi spéit den Diogo Costa mat engem Distanzschoss op d'Prouf gestallt huet. An der 42. Minutt sollte sech d'Marokkaner du fir hir gutt Leeschtung belounen: Den Allah huet eng Flank vu lénks an de Strofraum bruecht, wou den En-Nesyri am Héchste gesprongen ass an de Ball per Kapp am Gol ënnerbrénge konnt. Dobäi huet de portugisesche Golkipp, deen nieft de Ball gegraff huet, keng gutt Figur gemaach. Duerno ass eng monter Schlussphas lassgaangen, bei deene souwuel de Bruno Fernandes fir d'Portugisen, ewéi och den Allah fir d'Marokkaner nach e Gol hätte kéinte markéieren.

Nom Téi ass et monter weidergaangen. Schonn an der 49. Minutt hat de Marokko d'Méiglechkeet op 2:0 ze erhéijen. Dëst no engem Fräistouss vum Ziyech, deen dësen a Richtung Gol gezierkelt huet. Dëse Fräistouss konnt de Golkipp allerdéngs in Extremis retten an och den zweete Ball konnten d'Marokkaner net am Gol ënnerbréngen. Dunn waren et allerdéngs d'Portugisen, déi den Drock erhéicht hunn. An der 55. Minutt gouf den Dalot op der rietser Säit fräigespillt, mä de Golkipp konnt dem Portugis säi Schoss aus gudder Positioun paréieren. Kuerz dorobber hat de Ramos an der 58. Minutt d'Méiglechkeet ze egaliséieren, mä säi Kappball war net placéiert genuch. An dëser Situatioun hat de Marokko Gléck, datt et dem Ramos un Zilwaasser gefeelt huet. Doropshin hunn d'Portugisen d'Afrikaner an hirer eegener Hallschent gehalen an hunn hinne keng Zäit zum Ootme ginn. An der 83. Minutt konnten d'Portugisen eng weider gutt Occasioun verbuchen. Dës Kéier war et schonn nees de Joao Felix, deen de Ball aus rietser Positioun a Richtung Gol vum Bono gezierkelt huet. Dësen huet sech allerdéngs ganz laang gemaach an huet de Ball aus dem Eck gefëscht an domadder 1:0-Féierung fir de Marokko geséchert. D'Portugisen hunn nach eng Kéier alles ginn an hunn alles no vir geheit, mä um Enn sollt et näischt nëtzen. Och déi Giel/Rout-Kaart fir den Cheddira an der Nospillzäit konnt de Portugisen net méi an d'Kaarte spillen.

De Marokko gewënnt domadder mat 1:0 a steet no enger kämpferescher Leeschtung an der Halleffinall vun der Weltmeeschterschaft.

RTL

© Anadolu Agency via AFP

England - Frankräich 1:2
0:1 Tchouameni (17'), 1:1 Kane (54', Eelefmeter), 1:2 Giroud (78')

Am zweete Match vum Dag ass England op Frankräich getraff. Dobäi war den Ufank vum Match extrem serréiert a béid Ekippen hu sech neutraliséiert. Et waren awer d'Fransousen, déi déi éischt Chance am Match haten. Den Dembélé ass iwwert déi riets Säit geschéckt ginn an huet eng Flank an d'Mëtt erageschloen. Dës Flank huet de Giroud fonnt, deen de Ball mam Kapp op de Gol bruecht huet, mä de Pickford konnt de Ball sécher opfänken. Duerno war Frankräich déi méi aktiv Ekipp, wougéint England méi op d'Defense fokusséiert war. An der 17. Minutt sollt sech déi Astellung vun den Englänner rächen. Den Tchouameni huet sech nämlech en Häerz gefaast an aus der zweeter Rei ofgezunn. De gutt placéierte Schoss ass ënne lénks am Eck ageschloen, de Pickford war ouni Chance a Frankräich domadder mat 1:0 a Féierung. Doropshi sinn d'Englänner méi aktiv ginn an hu sech eng sëllege Chance kreéiert. Esou huet dem Shaw säi Fräistouss an der 21. Minutt de Lloris fir déi éischte Kéier op d'Prouf gestallt. Duerno war et gläich zwee Mol de Kane, deen d'Méiglechkeet hat, fir ze egaliséieren. An der 22. Minutt dribbelt den englesche Stiermer den Upamecano aus a geet an den 1-géint-1 mam Golkipp aus dësem de Kane als Verléierer erausgeet. Doriwwer eraus huet de Kane an der 29. Minutt de Lloris per Distanzschoss zu enger Parad gezwongen. Weider hat Frankräich Gléck, datt de VAR de Foul um Kane an der 25. Minutt baussent dem Strofraum gesinn huet, soudatt England keen Eelefmeter krut. Frankräich huet nom Gol offensiv guer net méi an de Match fonnt. Den Mbappé, deen an der 39. Minutt e Schoss wäit iwwert de Gol gesat huet, konnt nach eng vun de wéinege franséischen Offensiv-Aktioune verbuchen. Frankräich ass domadder glécklech mat enger 1:0-Féierung an d'Paus gaangen.

Nom Téi sinn d'Englänner motivéiert an de Match gestart. Si ware rosen a wollten op alle Fall e Gol markéieren. Esou huet de Bellingham schonn an der 46. Minutt ugedeit, wéi déi zweet Hallschent sech entwéckele wäert. D'Vitesse war héich, esou och an der 52. Minutt wou de Saka iwwer riets a de Strofraum gezunn ass. Den Tchouameni konnt de jonken Englänner just mat engem Feeler stoppen, soudatt den Arbitter op de Punkt gewisen huet an England en Eelefmeter zougeschwat huet. Dësen huet de Kane souverän uewe riets verwandelt, soudatt et 1:1 stoung. An der 55. Minutt huet de Bam allerdéngs an der Hallschent vun den Englänner gebrannt. Dëst wou de Rabiot an d'Lach geschéckt gouf an e fulminante Schoss a Richtung Pickford lassgelooss huet. Dëse Schoss konnt den Englänner esou just an de Corner deviéieren. Duerno ass et op an of gaangen. Béid Formatiounen hu sech näischt geschenkt a sech eng sëllege Chance kreéiert. Déi beschte Chance hat dobäi de Maguire an der 70. Minutt, deen no engem Fräistouss zum Kappball komm ass. Dësen ass nëmmen ëm e Millimeter nieft dem Potto ageschloen. Duerno hunn d'Fransousen nees d'Heft an d'Hand geholl an hunn op den zweete Gol gedréckt. Gouf dem Giroud säi Schoss an der 77. Minutt nach vum Pickford paréiert, esou konnt de Golkipp näischt maache beim 2:1 vum Fransous an der 78. Minutt. An der 82. Minutt huet den Arbitter, deen net op der Héicht vum Match war, fir déi zweete Kéier op de Punkt gewisen. Dës Kéier nodeems den Hernandez de Mount gefoult huet. Allerdéngs konnt de Kane de fällegen Eelefmeter net am Gol ënnerbréngen, soudatt et bei der 2:1-Féierung fir Frankräich bliwwen ass. Un dësem Resultat konnten d'Englänner doropshin näischt méi änneren, obschonns si mat Leif a Séil gekämpft hunn.

Frankräich gewënnt domadder mat 2:1 a steet an der Halleffinall.