
© AFP
D'Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar kënnt an hir lescht Woch. En Dënschdeg an e Mëttwoch sinn d'Halleffinallen.
Eng Ekipp, déi et net aus der Véierelsfinall eraus gepackt huet, ass Holland. D'Oranje-Team war awer no drun, fir Argentinien ze klappen, op d'mannst hate sech Van Dijk a Co. mat engem flotte Fräistouss-Trick an d'Verlängerung gerett.
De fréiere Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Guy Hellers hat deen Trick awer scho kannt. An dat geet op seng Zäit beim Standard zeréck, wéi den Arie Haan dem Guy Hellers säin Trainer do vun 1991 bis 1993 war.
"Et war näischt Neits, wéi se den 2:2 géint d'Argentinier geschoss hunn, deen hat den Arie Haan eis um Standard scho gewisen."
De Guy Hellers, dee 17 Joer Profi um Standard war, huet dann och vill Stécker op den hollänneschen Trainer gehalen.
"An deenen zwee Joer, an deenen hien do war, hu mir richteg attraktive Futtball um Standard gespillt."
Bis 2010 war de Guy Hellers Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer. Duerno war hie bis 2015 zu Diddeleng als Directeur sportif general an als Responsabele vun der Akademie. No der Entloossung beim F91 huet sech de fréieren Nationalspiller aus dem Futtball zeréckgezunn, och wann nach déi eng oder aner Offer um Dësch louch.
"Virun 3 Wochen hat ech nach d'Méiglechkeet, nach eng BGL-Ligue-Ekipp ze trainéieren. Ech hu laang dru geknat, fir net méi um Terrain ze sinn. Ech sinn awer mat der Hëllef vun der Famill gutt driwwer ewechkomm an ech bereien dat och guer net."
Den nächste Samschdeg ass de Guy Hellers dann zu Léck, wou de Standard dann ufänkt, säin 125. Gebuertsdag ze feieren.