E Mëttwoch den Owend stoung déi zweeten Halleffinall vun der WM um Programm. Hei hu Frankräich a Marokko ëm de leschten Ticket fir an d'Finall gekämpft.

Nodeems sech en Dënschdeg den Owend d'Argentinier mat enger zolitter Leeschtung den Ticket fir d'Finall séchere konnten, gouf e Mëttwoch den Owend an der zweeter Halleffinall tëscht Frankräich a Marokko de Géigner vun den Argentinier gesicht.

Hei hunn d'Fransousen de Marokkaner keng Chance gelooss an de Match fir sech entscheet an domadder den Ticket fir d'Finall gezunn. Um Enn gewënnt Frankräich mat 2:0 géint de Marokko.

An der Finall treffen e Sonndeg Argentinien a Frankräich openeen. E Samschdeg spille Kroatien a Marokko ëm déi drëtte Plaz.

Resumé Futtball-WM / Reportage Serge Olmo

De Resumé vum Match

Frankräich - Marokko 2:0
1:0 Theo Hernandez (5'), 2:0 Kolo Muani (79')

Public Viewing Frankräich - Marokko
De Serge Olmo huet de Bols bei de Leit gefillt.

An enger monterer éischter Hallschent waren et d'Fransousen, déi vun Ufank un de Match an d'Hand geholl hunn an direkt op e Gol gaange sinn. Esou sollte si sech schonn an der Ufanksphas fir hiert gutt Optriede belounen. Nodeems an der 5. Minutt déi marokkanesch Defense zwee Mol e Schoss vum Mbappé blockéiere konnt, ass de Ball iwwert Ëmweeër beim Theo Hernandez gelant, deen de Ball aus spatzem Wénkel artistesch am Gol vum marokkanesche Golkipp Bono ënnerbrénge konnt an doduerch seng Faarwen a Féierung geschoss huet. D'Marokkaner hu sech dowéinst allerdéngs net gläich opginn an hu sech selwer e puer Chancë kreéiert. Esou huet de Lloris sech an der 10. Minutt no engem Schoss vum Ounahi ganz laang misse maachen, fir dësen ze entschäerfen.

Duerno ass et op an of am Match gaangen a béid Formatiounen hu sech Chancen erausgespillt. Dobäi waren et awer d'Fransousen, déi wuel déi besser Occasiounen haten. Virun allem de Giroud war ganz aktiv an hat Pech, datt hien an der 17. Minutt mat sengem Schoss nëmmen de Potto getraff huet. An der 36. Minutt hate souwuel den Mbappé, wéi och de Giroud d'Méiglechkeet op 2:0 ze erhéijen, allerdéngs hu si jeeweils hire Meeschter am Bono souwéi am El Yamiq fonnt, soudatt et bei engem 1:0 bliwwen ass. De Marokko ass iwwerdeems an der 44. Minutt fir déi éischte Kéier esou richteg geféierlech ginn, wou den El Yamiq mat sengem Fallrückzieher just de Potto getraff huet. Duerno huet den Arbitter béid Formatiounen an d'Paus geschéckt.

Nom Téi kruten d'Spectateuren e flotte Match ze gesinn, bei deem sech béid Formatiounen awer iwwert wäit Strecke vum Match neutraliséiert hunn. Allerdéngs hunn d'Fransouse méi souverän a méi routinéiert gewierkt, ouni sech awer nennenswäert Occasiounen erauszespillen. D'Marokkaner hunn an der zweeter Hallschent dogéint probéiert, déi franséisch Defenseure mat hirer Vitesse ze iwwerlafen. Allerdéngs ass hinnen dëst seele gelongen. Dëst well déi franséisch Defenseuren, dorënner virun allem de Konaté, e gudde Match gemaach hunn. Deemno ware kloer Golchancen an der zweeter Hallschent rar geseet. Et huet bis an déi 71. Minutt gedauert, bis datt nees e geféierleche Schoss a Richtung Gol ofgesat gouf. Hei war et den Thuram op Säite vu Frankräich, dee mat sengem Kappball de Gol nëmmen ëm e puer Zentimeter verfeelt huet.

An der 78. Minutt war et dunn de Marokko, deen am Numm vum Hamdallah op de Gol vum Lloris geschoss huet. Allerdéngs huet dëse Schoss säin Zil ëm e gudde Meter verfeelt. Eng Minutt drop sollt Frankräich op 2:0 erhéijen. Dëst duerch de Kolo Muani, deen no enger wonnerschéiner Virlag vum Mbappé, deen déi hallef marokkanesch Ekipp ausgedribbelt huet, keng Problemer hat den zweete Ball am Gol ënnerzebréngen. Un dësem Score sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren, soudatt Frankräich verdéngt mat 2:0 gewënnt an domadder an d'Finall anzitt. Do geet et dann e Sonndeg géint Argentinien.