
© RTL
E Samschdeg un 16 Auer ass op der Futtball-Weltmeeschterschaft am Katar déi kleng Finall tëscht Kroatien a Marokko.
Et weess een net richteg, ob dee Match fir déi drëtte Plaz en iwwerflëssegen Trouschtpräis ass oder ob d'Ekippen awer nach eng Kéier alles ginn.
Déi Europäesch Futtballfederatioun UEFA huet bei der leschter EM zejoert keng kleng Finall ëm déi drëtte Plaz méi spille gelooss. D'FIFA huet dat awer mol nach bäibehalen...bei esou engem Match kënnt jo och nees eppes an d'Kees. Viru 4 Joer op der WM a Russland war Kroatien nach an der grousser Final an hat sech eréischt do an der leschter Ronn géint Frankräich misse geschloe ginn.
Dës Kéier ass et fir de Vizeweltmeeschter net ganz duergaangen, fir nees an d'Finall ze kommen. Ma dem Dario Maric, deen a Kroatie gebuer ass an an der BGL-Ligue fir Déifferdeng, Gréiwemaacher a Péiteng um Terrain stoung no, wäert Kroatien awer alles dofir ginn, den Turnéier op der 3. Plaz ofzeschléissen. "Natierlech wären d'Kroaten erëm gären an der Final gewiescht. Si wäerten awer alles dra setzen, fir déi drëtte Plaz ze kréien, et ass awer net dat nämmlecht wann een 3. oder 4. gëtt. Dofir versiche si dee Match nach eng Kéier richteg unzepaken an Alles dran ze setzen, fir déi Bronzemedail ze gewannen."
An der Halleffinall tëscht Marokko a Frankräich hätt ee gesinn, datt d'Iwwerraschungsekipp aus Afrika physesch a mental un hirer Limitt wier. Ma och d'Kroaten hu géint Argentinien net méi esou frësch gewierkt. "Bei Marokko an de Kroaten ass e bëssen deen nämmlechten Problem, datt si all déi Matcher plus minus mat deenen nämmlechte Spiller gespillt hunn an elo ass nach ofzewaarden wéi eng Spiller déi besser Reserven hunn."
Kroatien oder Marokko kritt also op dëser Weltmeeschterschaft nach d'Bronzemedail ëm den Hals gehaangen.