An der sougenannter "klenger Finall" konnt sech Kroatien géint d'Iwwerraschungsekipp vun dëser Weltmeeschterschaft Marokko duerchsetzen.

Kroatien hat géint Argentinien a Marokko géint Frankräich an den Halleffinallen de Kierze gezunn. Éier e Sonndeg den nächste Weltmeeschter gekréint gëtt, goung et Samschdeg ëm déi drëtte Plaz op der WM, déi sech Kroatien mat enger knapper 2:1-Victoire séchere konnt.

De Resumé vum Match

Kroatien - Marokko 2:1
1:0 Gvardiol (7'), 1:1 Dari (9'), 2:1 Orsic (42')

D'Spectateure vun dësem Match krute vun Ufank un eppes gebueden. An der siwenter Minutt krut Kroatien e Fräistouss a gudder Positioun. De Ball koum gutt op de Perisic, deen e mam Kapp op de Gvardiol ofleeë konnt an deen dem Bono am Gol vu Marokko keng Chance gelooss huet. Ma d'Äntwert vun de Marokkaner huet net laang op sech waarde gelooss. 2 Minutte méi spéit nämlech koum en héije Ball bei den Dari, deen dëse mam Kapp iwwert d'Linn drécke konnt: 1:1 no mol net 10 Minutten. An der 18. Minutt huet d'Defense vu Marokko esou just eng grouss Chance vum Orsic verhënnert an no enger knapper hallwer Stonn huet dem El Khannous fir Marokko d'Prezisioun gefeelt. E weidere Standard hat Marokko bal a Féierung bruecht, ma den En-Nesyri hat de Ball knapp laanscht de Gol gekäppt, dat no 37 Minutten. Kuerz virun der Paus huet den Orsic eng exzellent Pass konnte verwäerten an op 2:1 erhéijen. Mat deem Score goung et dunn och an d'Paus.

Nom Säitewiessel hätt de Perisic kéinten op 3:1 erhéijen, ma säi Schoss ass knapp laanscht de lénke Potto gaangen. Dono gouf et laang keng gréisser Golchance méi. Fir Opreegung huet dunn eng Zeen an der 74. Minutt gesuergt, wéi den Gvardiol an engem Zweekampf am siechzéng Meter gefall ass. Kroatien huet protestéiert an Marokko weidergespillt. Doduerch krut den En-Nesyri de Ball a gudder Positioun, ma en excellente Reflex vum Livakovic am Gol vu Kroatien huet Schlëmmeres verhënnert. No dëser Situatioun ass den Arbitter zeréck bei den Zweekampf komm an huet sech déi Zeen nach eng Kéier ugekuckt. Och nom Bléck op d'Bildschierm blouf hie bei senger Decisioun, keen Eelefmeter fir Kroatien. Marokko konnt och an de leschte Minutte vum Match zeréck, obwuel se et weider probéiert hunn, esou datt Kroatien sech zum Schluss verdéngt mat 2:1 duerchsetzt a sech déi drëtte Plaz op dëser WM am Katar séchert.