Zwee Mol konnt Frankräich e Réckstand duerch den Mbappé ophuelen, am Eelefmeterschéissen hat Argentinien dann awer déi besser Nerven.

Argentinien huet sech an enger historescher Finall géint Frankräich nom Eelefmeterschéissen de Weltmeeschter-Titel geséchert. Zwee Goler vum Mbappé haten déi fréi 2:0-Féierung vun Argentinien egaliséiert an domat d'Partie an d'Verlängerung geschéckt. Do konnt hien dann e weidere Gol vum Messi konteren. D'Decisioun sollt also am Eelefmeterschéisse falen, wou d'Argentinier um Enn d'Iwwerhand haten an no 1978 an 1986 fir déi 3. Kéier Weltmeeschter sinn.

E Samschdeg hat Kroatien am Duell géint Marokko de Match ëm déi drëtt Plaz fir sech entscheet.

Um Punkt 16.00 Auer ass e Sonndeg d'Finall am Lusail Stadium ugepaff ginn. D'Argentinier, déi nach eng Rechnung aus der verluerener Finall 2014 opstoen haten, sinn op den aktuellen Titelverdeedeger Frankräich getraff. Vun Ufank u war d'Partie intensiv a vu villen Zweekämpf am Mëttelfeld gepräägt. D'Ekipp an de gesträiften Trikoten huet déi franséisch Defense fréi ënner Drock gesat a konnt sou no ronn 20 Minutten en Eelefmeter erzwéngen. Den Di Maria war hei an en Dribbling géint den Dembelé gaangen, dee säi Fouss ongeschéckt dertëscht gehalen huet. Keen anere wéi de Messi ass dofir a Fro komm a sou huet de Kapitän seng Ekipp an der 23. Minutt vum Punkt a Féierung bruecht. Frankräich huet sech veronséchert an nervös gewisen a louch 13 Minutte méi spéit da scho mat zwee Goler a Réckstand. Den Di Maria koum no engem perfekt ausgespillten Ugrëff fräi virum Lloris zum Ofschloss a konnt sou op 2:0 erhéijen. Mat enger verdéngter Féierung géint iwwerfuerdert Fransousen ass et fir Argentinien no 45 Minutten an d'Paus gaangen.

Nom Säitewiessel huet sech um Spillverlaf net vill geännert. D'Ekipp vum Trainer Lionel Scaloni war weider dominant an huet duerch eng konzentréiert defensiv Aarbecht sou gutt wéi näischt op den eegene Gol zougelooss. Den éischte richtege Schoss op de Gol gouf et sou réischt no gutt 70 Minutten duerch den Mbappé. An der Schlussphas koum et dann allerdéngs zu engem Eelefmeter fir Frankräich, nodeems den Otamendi de Kolo Muani am Strofraum zum Fale bruecht huet. Den Mbappé war vum Punkt äiskal bliwwen a konnt verkierzen. De Schock fir d'Argentinier sollt dann zwou Minutte méi spéit kommen, wéi den Mbappé mat engem staarke Volleyschoss op 2:2 ausgeglach huet. Wéi aus dem Näischt war de Match rëm oppen an d'Finall nees spannend. Eng Decisioun an der Fro, wien den neie Weltmeeschter ass, gouf et no 90 Minutten net a sou ass et fir béid Ekippen an d'Verlängerung gaangen.

Do war Frankräich elo an engem klore mentale Virdeel, wat sech och um Terrain sou gewisen huet. Argentinien huet trotzdeem net opginn a weider probéiert de Wee no vir ze sichen. No 15 weidere Minutten ouni Gol ass am zweeten Duerchgang dann awer nach den 3:2 gefall. De Messi konnt an der 108. Minutt de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol drécken. Nach war de Match awer net entscheet, wéi den Mbappé kuerz drop eng weider Kéier ausgläiche konnt.

Am Eelefmeterschéissen huet sech Argentinien dann nom decisiven Eelefmeter vum Montiel mat 4:2 behaapt an d'Finall fir sech entscheet.

De Präis fir de beschte jonke Spiller vum Turnéier huet sech den argentinesche Mëttelfeldspiller Enzo Fernandez gesédchert. Beschte Golkipp gouf säi Landsmann Emiliano Martinez an de Kylian Mbappé krut de Präis fir déi meescht Goler. De Lionel Messi gouf als beschte Spiller vun der WM ausgezeechent.

WM-Finall am Futtball: D'Atmosphär zu Lëtzebuerg
Mir waren eis d'Finall vun der Futtball-WM an e Bistro ukucken, wou eng gutt an ausgeloosse Stëmmung war.