Argentinien ass am Ausnamezoustand. Matten an der Nuecht sinn d'Helde vun Doha um Flughafe vu Buenos Aires gelant.

Déi frësch gebake Futtball-Weltmeeschter goufen um Wee an d'Haaptstad vun enger Millioun Supporter erwaart. Fir datt och keen Argentinier dësen historeschen Ament verpasst, huet de President Alberto Fernandez dësen Dënschdeg zum Feierdag erkläert.

Um 2.30 Auer Lokalzäit huet den Airbus vun den "Aerolinas Argentinas" um Flughafe vu Buenos Aires opgesat. Als éischte koum de Kapitän Lionel Messi mat der 40 Zentimeter grousser Coupe an der Hand aus dem Fliger. D'Maschinn hat Doha mat 7 Stonne Retard verlooss, well d'Spiller vun der "Albiceleste" do schonn net aus dem Feieren erauskoumen, dat nom 4:2-Succès am Eelefmeterschéisse géint den Titelverdeedeger Frankräich. 36 Joer hunn d'Argentinier op dësen Ament gewaart.

Am Doppeldeckerbus goung et matten an der Nuecht iwwer d'Autobunn, Direktioun Sëtz vun der argentinescher Futtball-Federatioun.

6 Kilometer am Schrëtt-Tempo, well do schonn Zéngdausenden hir Helde feiere wollten, ier et an den Zentrum vun der Haaptstad bei den Obelisk, dem 68 Meter héije Symbol vu Buenos Aires, goung, wou och de Javier Merina zanter e Sonndeg den Owend waart.

"Ech sinn hei, well ech weess, datt de Messi heihi kënnt. Ech hunn eng Foto vun him. Et wier genial, wann e mir déi ënnerschreiwe kéint. Ech sinn e Fan vun him."

Zanter e Sonndeg sinn d'Argentinier an Extas. Honnertdausende feieren hiren drëtte Stär, dat no 1978 an 1986. Fir jiddwer Titel gouf et en Nationalheld: vum Mario Kempes, iwwer den Diego Maradona, bis elo bei de Lionel Messi.

An Argentinien ass Futtball méi wéi just e Sport, en ass Relioun. E ganzt Vollek vergësst fir e puer Deeg d'Suerge vum Alldag.