
Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de Futtballnationaltrainer Luc Holtz.
Mam Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer hu mer ënnert anerem iwwert d'Entwécklung vun de Roude Léiwen an de leschte Joren an iwwert déi nächst Europameeschterschaftsqualifikatioun geschwat. Da waren awer och d'Zukunft vum Luc Holtz als eventuellen FLF-President, d'Zukunft vum Oli Thill am A-Kader, d'Potenzial vun enger Rei jonken Talenter an d'Futtballschoul zu Monnerech Sujeten, déi diskutéiert goufen. De Luc Holtz huet awer och seng ganz besonnesch Meenung iwwert déi lescht Futtballweltmeeschterschaft, déi am Katar war.
Extrait Luc Holtz iwwert d'WM am Katar
De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes
Am meeschte gelies