No den 205 Kilometer konnt sech den Däitsche virun Italiener Viviani an Australier Ewan behaapten. De Jungels kënnt op Plaz 37, de Gastauer op déi 118.
Nom Tour des Flandres hat de Bob Jungels seng Klassiker-Saison ofgeschloss, fir e bëssen ze raschten, an dono an en Héichten- Trainingslager ze fueren.
D'Ekipp Deceuninck-Quick-Step huet um Donneschdeg matgedeelt, datt de Lëtzebuerger Champion vum 11. Mee bis den 2. Juni beim Giro d'Italia am Asaz ass.