De Chris Froome huet sech e Freideg op der 19. Etapp op beandrockend Aart a Weis d'Victoire an de Maglia Rosa geséchert. Hie war 80 Kilometer eleng.

Et war eng verréckt Etapp, déi virun allem de Simon Yates wuel net gär an Erënnerung wäert halen. De Brit huet nämlech ënnert dem Impuls vun der Ekipp Sky déi aner Favoritte schonns 86 Kilometer virun der Arrivée misse fuereloossen an domat huet hien all seng Chancen, de Giro ze gewannen, misse begruewen. Hien ass komplett agebrach a kann och d'top 10 vergiessen, ee richtegt Debakel fir de Brit.

Fir ee Coureur, dee schonns virdru vill Zäit verluer hat, war de Giro du ganz eriwwer, well de Fabio Aru huet während der Etapp opginn.

Sky huet alles op eng Kaart gesat an huet am Colle delle Finestre fir den Tempo gesuergt, ier de Chris Froome 80 Kilometer virun der Arrivée attackéiert huet an eleng fortgefuer ass.

Hie konnt seng Avance ëmmer weider vergréisseren a sollt bis zum Schluss net méi ageholl ginn a kann och d'Féierung am General iwwerhuelen, dat virum Tom Dumoulin. Am Generale huet den Dumoulin als Zweeten e Retard vu 40 Sekonnen op de Froome, dee jo nach ëmmer en Doppingtest ze erklären huet, wou d'Wäerter vun engem Asthmamëttel ze héich waren.
De Jempy Drucker ass als 82., ronn 39 Minutten nom Gewënner ukomm. De Laurent Didier ass als 147. op iwwer 45 Minutten iwwert d'Arrivée gefuer.

Am Generalklassement ass den Didier de 94. op 3 Stonnen 31, an den Drucker den 120. op ronn 4 Stonnen.

RTL

© twitter/giroditalia

De Profil vun der Etapp

RTL

E Freideg goung et op der 19. Etapp vum Giro d'Italia iwwer 185 Kilometer vu Venaria Reale op Bardonecchia. Et sollt eng ganz schwéier Etapp ginn, well d'Coureuren hu 4 Bierger missen iwwerwannen. Ugefaangen huet et mat engem Bierg vun der zweeter Kategorie, dem Colle del Lys, ee Bierg vun der zweeter Kategorie. De bierg ass relativ laang, mee net immens géi.

RTL

Dono koum eng Descente vu ronn 10 Kilometer, ier et an de Colle delle Finestre goung, ee ganz schwéiere Bierg. En ass 18,5 Kilometer laang an am Duerchschnëtt 9,2% géi. Dobäi kënnt nach eng weider Schwieregkeet an zwar sinn déi lescht 8 Kilometer net asphaltéiert, dat heescht et goung iwwer Schotterstroosen erop op de Sommet.

RTL

No enger weiderer Descente koum nach ee Bierg vu 16 Kilometer erop op Sestriere, en ass net immens géi, ma sollt awer vill Kraaft kaschten.

RTL

Du stoung nach d'Schlussmontée um Programm, e Bierg vun der 1. Kategorie. De Bierg ass 7,2 Kilometer laang an huet eng duerchschnëttlech Steigung vun 9,1%.

RTL

Resumé vun der Etapp

Et war eng ganz ustrengend Ufanksphas op der 19. Etapp. Et koum eng Attack no där anerer, ma allkéiers gouf d'Lach nees zougefuer an dat huet deelweis ganz vill Kraaft kascht an dobäi stoung de schwéiersten Deel vun der Etapp nach virun de Coureuren.

No 41 Kilometer koum dunn d'Nouvelle, dass de Vasil Kiryenka an de Fabio Aru opginn hunn an elo also net méi Deel vum Giro d'Italia sinn.

No e bësse méi, wéi 50 Kilometer konnt sech dunn eng éischte Kéier ee richteg Spëtzegrupp forméieren. Et waren dat 22 Coureuren, déi sech un d'Spëtzt gesat hunn, de Leit am Peloton huet dat awer net wierklech geschmaacht an esou hunn déi den Tempo weider héichgehalen an d'Coureure konnten, no enger maximaler Avance vu ronn 50 Sekonnen, nees ageholl ginn.

Kuerz virum Colle delle Finestre huet sech eng weider Echappé gebilt, mee och hei huet d'Zukunft vun dësem Grupp net gutt ausgesinn, esou huet de Luis Leon sanchez sech eleng op de Wee gemaach.

Schonns zum Ufank vum Colle delle Finsestre ass de Peloton ganz kleng ginn, well de Chris Froome huet seng Leit un d'Spëtzt gesat, fir den Tempo ze erhéijen an dës Moossnam huet nawell vill Affer gefuerdert.

Ronn 87 Kilometer virun der Arrivée gouf et du ganz batter fir de Simon Yates. No 12 Deeg a Rosa huet hie 87 Kilometer virun der Arrivée ënnert dem Tempo vun er Ekipp Sky de Grupp mat de Favoritte missen zéieloossen. Am Grupp mat de Favoritte waren elo nach ronn 15 Coureuren.

84,5 Kilometer virun der Arrivée huet dunn och de Peloton de Luis Leon Sanchez ageholl. Deen huet sech nämlech zeréckfale gelooss, fir dem Miguel Angel Lopez, sengem Kapitän ze hëllefen, well deen hat och ferm Problemer den Tempo matzegoen.

Dunn huet de Wout Poels fir de Chris Froome den Tempo gemaach an do konnt kaum méi ee matgoe bis op den Tom Dumoulin, de Sebastian Reichenbach, den Thibaut Pinot an de Richard Carapaz. Den Drëtten am General, den Domenico Pozzovivo huet och misse lassloossen an domat war seng 3. Plaz am General a Gefor.

Kuerz drop, 80 Kilometer virun der Arrivée koum dunn d'Attack vum Chris Froome an do konnt kee méi matgoen.

Zesumme mam Tom Dumoulin hunn de Richard Carapaz an den Thibaut Pinot d'Verfolgung vum Chris Froome opgeholl. Kuerz dono huet de Miguel Angel Lopez sech hinnen ugeschloss.

De Froome ass een onheemlechen Tempo eropgefuer an hat uewen um Sommet, knapp 73 Kilometer virun der Arrivée eng Avance vu 40 Sekonnen op den Dumoulin, de Lopez, de Carapaz an de Pinot. De Grupp mam Pozzovivo, Bennett, Poels, Formolo, Oomen an O'Connor haten um Sommet ronn 2 Minutten a 15 Sekonne Retard. De Simon Yates hat hei schonn ee Retard vun erstaunleche 16 Minutten.

An der Descente krut den Thibaut Pinot nees Hëllef, well säin Teamkomerod, de Sebastian Reichenbach konnt zu de Verfolger opschléissen. Iwwerdeems huet de Fromme seng Avance an der Descente weider ausgebaut op 1 Minutt a 50 Sekonnen.

Ewéi et dunn nees eropgaangen ass Richtung Sestriere, ass de Virsprong vum Froome eng éischte Kéier nees liicht zeréckgaangen. Ewéi de Froome dunn awer nees säi Rhythmus fonnt hat, huet hie seng Avance nach weider an d'Luucht geschrauft. Uewen um Sommet war hien am virtuelle Klassement bis op 9 Sekonnen un de Maglia Rosa erukomm, dee virtuell op de Schëllere vum Dumoulin war.

An der Descente vu Sestriere huet de Reichenbach dunn awer nees den Uschloss un de Grupp ëm den Dumoulin verluer, dat well den Hollänner elo richteg an d'Pedalle gedréckt huet.

An där nämmlechter Descente ass den O'Connor aus dem Pozzovivo-Grupp gefall, de Coureur vun Dimension Data konnt net méi weiderfueren.

Ronn 30 Kilometer virun der Arrivée war de Chris Froome du virtuell am Maglia Rosa.

De Chris Froome huet seng Avance weider gehalen, hien huet géigeniwwer vu senge Poursuivante keng Zäit verluer, eng wahnsinneg staark Performance vum Brit. Och wann et eng ausseruerdentlech Leeschtung vum Froome war, esou kann hie sech awer och beim Carapaz a beim Lopez bedanken, well déi zwee Südamerikaner hu sech absolut guer net un der Tempoaarbecht bedeelegt.

Ewéi et dunn an d'Schlussmontée gaangen ass, hat de Froome nach ëmmer e bëssen iwwer 3 Minutten Avance. Am Grupp Dumoulin gouf et dunn eng Attack vum Thibaut Pinot, deen och fortkomm ass.

Dunn huet den Tom Dumoulin awer seng grouss Stäerkt gewisen, hien ass a sengem Rhythmus eropgefuer a konnt d'Lach nees zoumaachen. Ma knapps war de Pinot ageholl, hunn déi zwee Südamerikaner ugegraff an do haten dunn de Pinot an den Dumoulin nees Problemer, fir drun ze bleiwen.

Den Hollänner ass awer weiderhi säin Tempo gefuer a konnt nees erufueren, ma bei all neier Attack hat hien erëm massiv Problemer.

Um Enn wënnt de Froome d'Etapp en solitaire, dat mat enger Avance vun 2 Minutten an 59 Sekonnen op de Carapaz. Den Tom Dumoulin gëtt de 5. op 3 Minutten an 21 Sekonnen.
De Simon Yates huet als 79. 38 Minutten an 51 Sekonne verluer.

Resultat vun der Etapp

1 Chris Froome (GBr) Team Sky 05:12:26
2 Richard Carapaz (Ecu) Movistar Team 00:03:00
3 Thibaut Pinot (Fra) Groupama-FDJ 00:03:07
4 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team 00:03:12
5 Tom Dumoulin (Ned) Team Sunweb 00:03:23
6 Sébastien Reichenbach (Swi) Groupama-FDJ 00:06:13
7 Davide Formolo (Ita) Bora-Hansgrohe 00:08:22
8 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 00:08:23
9 Patrick Konrad (Aut) Bora-Hansgrohe
10 Pello Bilbao (Spa) Astana Pro Team

Generalklassement

1 Chris Froome (GBr) Team Sky 80:21:59
2 Tom Dumoulin (Ned) Team Sunweb 00:00:40
3 Thibaut Pinot (Fra) Groupama-FDJ 00:04:17
4 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team 00:04:57
5 Richard Carapaz (Ecu) Movistar Team 00:05:44
6 Domenico Pozzovivo (Ita) Bahrain-Merida 00:08:03
7 Pello Bilbao (Spa) Astana Pro Team 00:11:08
8 Patrick Konrad (Aut) Bora-Hansgrohe 00:12:19
9 George Bennett (NZl) LottoNL-Jumbo 00:12:35
10 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 00:14:18