Virun der leschter Etapp huet de Froome eng Avance vu 46 Sekonnen op den Dumoulin. De Lopez ass op déi drëtte Plaz no vir geréckelt.

Op der 20. Etapp hunn e Samschdeg déi lescht Bierger op d'Coureuren am Giro d'Italia 2018 gewaart. 3 Bierger vun der éischter Kategorie stoungen hei um Programm. D'Etappe-Victoire war um Enn fir den Nieve. De Spuenier war an der Echappée vum Dag vertrueden an huet sech am zweete Bierg eng 35 Kilometer virun der Arrivée eleng un d'Spëtzt gesat. Hien hat op der Arrivée e Virsprong vun iwwer 2 Minutten op den Zweeten de Gesink.

An der leschter Montée vum Dag huet den Dumoulin nach probéiert sech vum Froome ofzesetzen, ma him sollt dat net geléngen, sou datt am General de Froome a Féierung bleift. Den Tom Dumoulin bleift op der zweeter Plaz. Hien huet e Réckstand vu 46 Sekonnen. Op der drëtter Plaz läit een Dag virum Enn vum Giro de Lopez op 4 Minutten a 57 Sekonnen.

Nom schwaarzen Dag vum Simon Yates e Freideg huet et e Samschdeg den Thibot Pinot erwëscht. De Fransous huet eng 40 Kilometer virun der Arrivée an der zweeter Montée vum Dag misse lassloossen. De Pinot, dee bis virun der 20. Etapp nach den Drëtten am General war, huet aus gesondheetleche Grënn séier Minutt ëm Minutt verluer, sou datt hie seng Plaz um Podium verluer huet. Um Enn huet de Fransous als 88. 45 Minutten an 32 Sekonne verluer.

De Jempy Drucker gëtt um zweetleschten Dag den 90. an de Laurent Didier gëtt den 93. op 45 Minutten an 32 Sekonnen. Am General läit de Laurent Didier op der 99. Plaz op 4 Stonnen an 11 Minutten, de Jempy Drucker ass den 120. mat engem Réckstand vu 4 Stonnen a 40 Minutten.

De Profil vun der Etapp

RTL

© Screenshot

E Samschdeg stoung am Giro d'Italia déi lescht schwéier Etapp um Programm. Op der 20. Etapp goung et iwwer 214 Kilometer vu Susa op Cervinia. 3 Bierger vun der 1. Kategorie hunn um Samschdeg op d'Coureure gewaart.

Bis Kilometer 129 haten d'Coureuren Zäit fir sech anzerullen, duerno huet den éischte Bierg op Froome a Co gewaart. 16 Kilometer ass et hei de Col Tsecore eropgaangen. De Bierg hat eng duerchschnëttlech Steigung vun 12 Prozent mat engem Maximum vu 15 Prozent tëschenduerch.

RTL

© Screenshot

Duerno koum eng Descente vu ronn 23 Kilometer ier et an de Col de St. Pantaléon gaangen ass. Eng Montée vu 16 Kilometer an am Duerschnëtt 7,2 Prozent géi.

RTL

© Screenshot

No enger weiderer Descente vu 5 Kilometer ass et fir d'Coureuren an de leschte Bierg vum Dag gaangen. Hei huet de Col Cervinia gewaart. D'Schlussmontée hat eng Längt vun 19 Kilometer an am Schnëtt 5 Prozent géi.

RTL

© Screenshot

Resumé vun der Etapp

Op der 20. Etapp huet sech fréi eng Echappée forméiert. Dës ass lues a lues méi grouss ginn, sou datt no 65 Kilometer am Ganze 27 Coureuren am Spëtzegrupp vertruede waren. Mat dobäi waren: Matteo Montaguti (AG2R La Mondiale), Francesco Gavazzi, Davide Ballerini, Manuel Belletti, Marco Frapporti (Androni-Sidermec), Matej Mohoric, Giovanni Visconti (Bahrain-Merida), Giulio Ciccone, Enrico Barbin (Bardiani-CSF), Felix Grossschartner, Andreas Schillinger (Bora-hansgrohe), Matthieu Ladagnous (Groupama-FDJ), Krists Neilands (Israel Cycling Academy), Roman Kreuziger, Mikel Nieve (Mitchelton-Scott), Elia Viviani (Quick-Step Floors), Michael Woods (EF-Drapac), Maurits Lammertink, Tony Martin (Katusha-Alpecin), Koen Bouwman, Robert Gesink, Bert-Jan Lindeman (LottoNL-Jumbo), Gianluca Brambilla (Trek-Segafredo), Valerio Conti, Vegard Stake Laengen, Marco Marcato (UAE Team Emirates), Jacopo Mosca (Wilier-Selle Italia).

100 Kilometer virun der Arrivée hat d'Echappée e Virsprong vu 4 Minutten an 53 Sekonnen.

Am éischte Col vum Dag ass de Grupp un der Spëtzt däitlech méi kleng ginn an ëmmer méi Coureuren hu misse lassloossen. 10 Cycliste waren um Sommet vum Col Tsecore nach vir mat dobäi. Vertruede waren nach Nieve, Woods, Conti, Brambilla, Lammertink, Ciccone, Grossschartner, Mohoric, Visconti, Bouwman a Gesink.

Am Peloton huet Astana fir den Tempo an der éischter Schwieregkeet vum Dag gesuergt, ma esou wierklech ass de Réckstand op d'Echappée net méi kleng ginn. Um Sommet loung dësen nach bei iwwer 5 Minutten. De Leader Chris Froome an den Zweeten Tom Dumoulin sinn am Peloton labber matgefuer. Ee Coureur hat awer nees Problemer an dat war de Simon Yates. No sengem ganz schlechten Dag e Freideg, wou hien iwwer 38 Minutte verluer huet, huet hien op en Neits misse lassloossen.

45 Kilometer virun der Arrivée ass et an déi zwee Schwieregkeet vum Dag gaangen. De Mohoric huet dëse Bierg als Éischten an Ugrëff geholl, ma de Sloven konnt den Tempo net laang héich halen, sou datt hien an der Steigung nees vun den anere Coureuren aus der Echappée agefaange ginn ass. Den Nieve, de Brambilla an de Grossschartner konnte sech duerno ofsetzen. D'Avance op de Peloton mat de Spëtzeleit ass nees méi grouss ginn. 34 Kilometer virun der Arrivée loung e bei 6 Minutten an 39 Sekonnen.

Am Peloton war den Tempo net ganz héich, ma den Thibaut Pinot, den Drëtten am General, hat massiv Problemer an huet misse lassloossen. De Fransous hat eng richteg Defaillance an de Réckstand op d'Spëtzeleit ass séier grouss ginn. 34 Kilometer virun der Arrivée loung e scho bei ronn 6 Minutten op de Peloton mat Froome, Dumoulin, Lopez oder och nach Carapaz.  

32 Kilometer virun der Arrivée huet den Nieve un der Spëtzt attackéiert. De Grossschartner konnt am éischte Moment nach nogoen, de Brambilla huet direkt misse lassloossen. Den Nieve huet weider den Tempo héich gehalen a sech esou eleng un d'Spëtzt gesat. De Virsprong loung bei knapp 7 Minutten op de Peloton, dee weiderhin Astana ugefouert huet. Déi kasachesch Ekipp huet fir hire Kapitän de Lopez geschafft. Fir de Spuenier goung et jo elo ëm déi drëtte Plaz am General, dat nodeems de Pinot jo wéinst gesondheetleche Problemer zeréckgefall war. De Réckstand vum Fransous loung 30 Kilometer virun der Arrivée bei iwwer 15 Minutten op de Peloton.

Den Nieve ass als Éischten iwwert de Sommet vum Col de St. Pantaléon gefuer, eng 29 Kilometer virun der Arrivée. De Spuenier hat deen Ament eng Avance vun 1 Minutt an 38 Sekonnen op säin éischte Verfollger de Grosschartner. De Peloton hat e Réckstand vun iwwer 8 Minutten.

Den Nieve ass weider souverän un der Spëtzt gefuer a konnt an der Schlussmontée de Grossschartner op Distanz halen. Am Peloton war et roueg an et koum keng Attack vun engem vun de Klassementsfuerer. Fir den Tempo am Pelton huet Movistar, d'Ekipp vum Carapaz, gesuergt.

9 Kilometer virun der Arrivée hat den Nieve weider eng Avance vun 1 Minutt an 39 Sekonnen op de Grossschartner. De Peloton hat e Réckstand vun 9 Minutten an 13 Sekonnen.

6 Kilometer virun der Arrivée huet den Dumoulin den Tempo am Peloton ugezunn. Den Hollänner huet eppes missen ënnerhuelen, well et war déi lescht Chance fir sech dach nach d'Victoire am Giro ze sécheren. Den Dumoulin ass awer net fort komm. Mat dobäi am Grupp vun de Favoritte waren nach de Froome, den Dumoulin, de Carapaz, de Lopez, de Pozzovivo an den Oomen. De Formolo hat sech liicht ofgesat.

Un der Spëtzt vun der 20. Etapp ass den Nieve enger souveräner Victoire entgéint gefuer.

Den Dram vun enger Victoire vum Giro ass fir den Dumoulin 3 Kilometer virun der Arrivée definitiv geplatzt. Den Hollänner huet nieft dem Froome och de Carapaz, de Lopez an de Pozzovivo missen zéie loossen. Duerch den niddregen Tempo ass den Dumoulin 1 Kilometer virun der Arrivée nach eng Kéier bei de Froome bäi komm.

Den Nieve wënnt op sengem Gebuertsdag déi 20. Etapp en solitaire. Op déi zweete Plaz ass de Gesink gefuer. Hien hat e Réckstand vun 2 Minutten a 17 Sekonnen. De Froome gëtt de 7. op 6 Minutten an 3 Sekonnen. Den Tom Dumoulin gëtt den 13. op 6 Minutten an 9 Sekonnen.

Bei de Favoritte gouf et domadder keng gréisser Ofstänn méi, sou datt de Froome a Féierung bleift an him d'Victoire net méi ze huelen ass.

Resultat vun der Etapp

1 Mikel Nieve (Spa) Mitchelton-Scott 05:43:38
2 Robert Gesink (Ned) LottoNL-Jumbo 00:02:17
3 Felix Grossschartner (Aut) Bora-Hansgrohe 00:02:41
4 Giulio Ciccone (Ita) Bardiani CSF 00:03:45
5 Gianluca Brambilla (Ita) Trek-Segafredo 00:05:23
6 Wout Poels (Ned) Team Sky 00:06:03
7 Chris Froome (GBr) Great Britain 00:06:03
8 Davide Formolo (Ita) Bora-Hansgrohe 00:06:03
9 Domenico Pozzovivo (Ita) Bahrain-Merida 00:06:03
10 Richard Carapaz (Ecu) Movistar Team 00:06:03
13 Tom Dumoulin (Ned) Team Sunweb 00:06:09

Generalklassement

1 Chris Froome (GBr) Team Sky 86:11:50
2 Tom Dumoulin (Ned) Team Sunweb 00:00:46
3 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team 00:04:57
4 Richard Carapaz (Ecu) Movistar Team 00:05:44
5 Domenico Pozzovivo (Ita) Bahrain-Merida 00:08:03
6 Pello Bilboa (Spa) Astana Pro Team 00:11:50
7 Patrick Konrad (Aut) Bora-Hansgrohe 00:13:01
8 George Bennett (NZl) LottoNL-Jumbo 00:13:17
9 Sam Oomen (Ned) Team Sunweb 00:14:18
10 Davide Formolo (Ita) Bora-Hansgrohe 00:15:16