De Fransous Arnaud Démare konnt déi 10 Etapp vum Giro d'Italia am Sprint fir sech entscheeden.

En Dënschdeg stoung eng mat 145 Kilometer relativ kuerz a roueg Etapp um Programm. Mam Luca Covili a Sho Hatsuyama hate sech zwee Coureure vum Peloton ofgesat, ma si sollten et wéi erwaart net bis zum Schluss packen, well d'Sprinter et, ier et an d'Bierger geet, nach emol wësse wollten. Esou koum et da schlussendlech och zu engem Massesprint, wou sech de Fransous Arnaud Démare duerchsetze konnt, dat virum Italiener Elia Viviani an dem Däitschen Rüdiger Selig. De Bob Jungels an de Ben Gastauer fueren an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer d'Arrivée.

VIDEO: Cyclissem Video News: 10. Etapp vum Giro d'Italia
Cyclissem Video News

Am General bleift de Valerio Conti de Leader a fiert also och e Mëttwoch a Rosa. Hei kënnt de Bob Jungels op déi 14. Plaz mat engem Retard vu 4 Minutten an 8 Sekonnen. De Ben Gastauer ass den 62. op 18 Minutten a 46 Sekonnen.