Op der 12. Etapp vum Giro d'Italia vu Cuneo op Pinerolo konnt den Cesare Benedtti gewannen. De Jan Polanc iwwerhëlt de Maglia Rosa.

No enger séierer Ufanksphas konnt sech ee Spëtzegrupp vu 25 Coureuren ofsetzen. Dës Echappé sollt dann och d'Etapp komplett dominéieren. Maximal waren et 15 Minutten Avance. Aus dësem Spëtzegrupp eraus sollt dann och de Gewënner kommen. Am Montoso, engem Bierg vun der éischter Kategorie si Spëtzegrupp a Peloton uerdentlech duerchgerëselt ginn a vill Leit hunn Zäit verluer, ënnert anerem de Bob Jungels. Um Enn wënnt aus dem Spëtzegrupp eraus den Cesare Benedetti virum Damiano Caruso an dem Eddie Dunbar. De Jan Polanc ass kuerz drop iwwer d'Arrivée gefuer an iwwerhëlt de Maillot Rose vu sengem Teamkomerod Valerio Conti. Hei huet hie 4 Minutten a 7 Sekonnen Avance op de Primoz Roglic a 4 Minutten an 51 Sekonnen op de Valerio Conti.

Op der Etapp gëtt de Bob Jungels de 46. op 10 Minutten a 37 Sekonnen an de Ben Gastauer den 110. op 20 Minutten an 2 Sekonnen. Am General ass de Bob Jungels den 23. op 8 Minutten an 59 Sekonnen an de Ben Gastauer de 70. op 33 Minutten an 2 Sekonnen.