Den Italiener wënnt um Enn virum Jan Hirt aus Tschechien. De Richard Carapaz bleift de Leader am General.

Et war eng ganz schwéier Etapp en Dënschdeg, wou sech schlussendlech aus engem Spëtzegrupp eraus den Giulio Ciccone duerchsetze konnt, dat virum Jan Hirt an dem Fausto Masnada. Bei de Favoritten haten de Primoz Roglic, de Yates an de Rafal Majka net de beschten dag erwëscht a verléieren Zäit. Am General bleift de Richard Carapaz souverän de Leader am General. Hei huet hien 1 Minutt a 47 Sekonnen Avance op de Vincenzo Nibali an 2 Minutten an 9 Sekonnen op de Primoz Roglic. De Rafal Majka fält vun der 4. op déi 6. Plaz zeréck.
De Bob Jungels gouf den 53. op iwwer 18 Minutten. Am General ass hien den 29. op iwwer 51 Minutten. De Ben Gastauer huet ronn 24 Minutte verluer a läit am General aktuell op der 87. Plaz mat 2 Stonnen a 27 Minutte Réckstand.

Weider Fotoe vum Giro d'Italia fannt Dir op pressphoto.rtl.lu.

Presentatioun vun der Etapp

194 ganz schwéier Kilometer stinn nom zweete Roudag um Programm. Et geet vill de Bierg erop an de Bierg erof vu Lovere op Ponte di Legno. Dobäi mussen d'Coureuren dräi Koppen hannert sech bréngen, wou et Punkte ginn, zwee Mol vun der 3. an eng Kéier vun der éischter Klass.

De Resumé vun der Etapp

Kuerz nom Start konnte sech 21 Coureure vum Peloton ofsetzen, dorënner och den Giulio Ciccone, de Mann am Biergtrikot. Ma och all déi grouss Ekippe vun de Favoritten haten een Hëllefer no vir geschéckt. Am Spëtzegrupp waren de Francois Bidard (ALM), Fausto Masnada, Mattia Cattaneo (ANS), Pello Bilbao, Jan Hirt, Davide Villela (AST), Michael Schwarzmann (BOH), Damiano Caruso, Antonio Nibali (TBM), Lukasz Owisan, Francisco Ventoso (CCC), Mikkel Honoré (DQT), Nate Brown, Joe Dombrowski (EF1), Koen Bouwman (TJV), Mikel Nieve, Christopher Juul-Jensen (MTS), Andrey Amador (MOV), Jai Hindley (SUN), Giulio Ciccone (TFS), an Diego Ulissi (UAD).

Bei den zwee éishte Bierger vun der 3. Kategorie konnt sech dann och den Ciccone de Maximum vu Punkte sécheren.

Ewéi et dunn an de Mortirolo (11,9 Kilometer, 10,9% Steigung) eragaangen ass, hat de Spëtzegrupp ronn 5 Minutten a 45 Sekonnen Avance op d'Faoritten. An dësem Bierg ass de Spëtzegrupp dunn explodéiert. Do hat dann och den Ciccone attackéiert, esou dass nëmmen nach de Jan Hirt konnt matgoen.

Déi zwee sollten dann och uewen zesummen iwwert de Sommet fueren. Hannendrun am Peloton gouf an dësem Bierg dann och gutt geraibert, virop war et den Nibali, dee fir d'éischt de Pozzovivo Tempo maache gelooss huet, ier hie selwer ugegraff huet.

No senger Attack konnt nëmmen nach de Carthy matgoen. Hannendrun hate ganz vill Leit Problemer an esou sinn der ganz vill zeréckgefall.

De Mann a Rosa, de Carapaz konnt awer kuerz virum Sommet zesumme mam Mikel Landa a Miguel Angel Lopez nees zum Nibali opschléissen. Uewen um Sommet hat dëse Grupp e Retard vun 3 Minutten an 53 Sekonnen op den Duo ganz vir. De Grupp mam Yates, Roglic an Zakarin hat hei schonns 5 Minutten a 25 Minutte Réckstand.

Um Mortirolo an och an der Descente war d'Wieder iwwerhaapt net gutt, vill Reen a vill Niwwel, deemno huet et geheescht: Oppassen.

Kuerz virum Sommet gouf et nach eng Attack vum Miguel Angel Lopez, deen ongeféier 20 Sekonne virum Grupp mam rosa Maillot gefuer ass. An der Descente krut hien dann och Hëllef vum Pello Bilbao.

Hannendrun huet den Andrey Amador den Tempo gemaach fir säi Leader de Richard Carapaz. Souwuel de Bilbao wéi den Amador waren an der Echappé an hu sech zeréckfale gelooss, fir hire Leaderen ze hëllefen.

An der Descente ass net vill geschitt, well kee bei dëse schlechte Konditiounen ee Risiko wollt agoen. Déi lescht 14 Kilometer ass et dann nees liicht biergop a Richtung Ponte di Legno gaangen. eenzeg de Grupp ëm de Roglic konnt an der Descente säi Retard verkierzen an hat elo nëmmen nach 50 Sekonnen.

Vir gouf et da ganz vill Diskussiounen tëscht dem Ciccone an dem Hirt, well de Coureur vun Astana wollt kee Relais huelen.

Knapp 10 Kilometer virun der Arrivée gouf de Lopez dann nees vum Grupp Maglia Rosa ageholl, wou de Caruso, deen och zeréckgefall war, an den Nibali elo fir den Tempo gesuergt hunn. Och Movistar huet elo gehollef, Tempo maachen, esou dass de Retard no vir geschmolt ass an d'Avance no hannen nees méi grouss ginn ass.

Den Ciccone an den Hirt sinn dann zesummen op d'Arrivée komm an do war et de Mann am Biergtrikot, deen déi Séierste Been hat an esou d'Etapp gewanne konnt.

Hannendru war de Lopez op de leschte Meter nach ofgehaange gi vun deenen aner Favoritten.

D'Resultater vun der Etapp