De Ben Gastauer huet sech no 8 Etapp am Tour duerch Groussbritannien op der 36. Plaz mat engem Retard vun iwwer 9 Minutte placéiert.

Am Tour duerch Groussbritannien ass et e Samschdeg op der leschter Etapp iwwer 166 Kilometer vun Altrincham op Manchester gaangen. Eng weider Kéier war hei kee Kraut géint de Mathieu Van der Poel gesuergt. Den Hollänner huet sech déi 3. Etappevictoire an d'Schlussvictoire geséchert.

Op der leschter Etapp huet sech de Van der Poel am Sprint géint säi Landsmann Cees Bol an den Italiener Matteo Trentin duerchgesat. De Ben Gastauer ass am Peloton als 32. an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner iwwert de wäisse Stréch gefuer.

Am General huet den Hollänner mat engem Virsprong vu 17 Sekonne virum Matteo Trentin gewonne. Um Podium stoung nach de Belsch Jasper De Buyst mat engem Retard vu 50 Sekonnen.

D'Top10 vun der 8. Etapp

1 Mathieu Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 3:49:26
2 Cees Bol (Ned) Team Sunweb 0:00:00
3 Matteo Trentin (Ita) Mitchelton - Scott 0:00:00
4 Mike Teunissen (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:00
5 Davide Cimolai (Ita) Israel Cycling Academy 0:00:00
6 Sacha Modolo (Ita) EF Education First 0:00:00
7 Nils Eekhoff (Ned) Team Sunweb 0:00:00
8 Jasper De Buyst (Bel) Lotto Soudal 0:00:00
9 Xandro Meurisse (Bel) Wanty - Gobert Cycling Team 0:00:00
10 Danilo Wyss (SUI) Team Dimension Data 0:00:00

De General

1 Mathieu Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 29:47:41
2 Matteo Trentin (Ita) Mitchelton - Scott 0:00:17
3 Jasper De Buyst (Bel) Lotto Soudal 0:00:50
4 Pavel Sivakov (Rus) Team Ineos 0:00:52
5 Nils Politt (GER) Team Katusha Alpecin 0:01:01
6 Gianni Moscon (Ita) Team Ineos 0:01:01
7 Mike Teunissen (Ned) Team Jumbo - Visma 0:01:03
8 Andrey Amador (CRc) Movistar Team 0:01:04
9 Tiesj Benoot (Bel) Lotto Soudal 0:01:07
10 Amund Grøndahl Jansen (Nor) Team Jumbo - Visma 0:01:08