Op der 20. Etapp huet sech säi Landsmann Tadej Pogacar en solitaire d'Victoire geséchert an ass op déi 3. Plaz no vir gefuer.

Den Tadej Pogacar huet e Samschdeg seng drëtten Etapp bei dëser Vuelta fir sech entscheed. De Slowen hat sech op der 190 Kilometer laanger Etapp am zweetleschte Bierg vum Dag un d'Spëtzt gesat a war dunn en solitaire bis op d'Arrivée gefuer. Hannert dem Slowen ass den Alejandro Valverde mat engem Réckstand vun 1 Minutt an 32 Sekonnen deen Zweete ginn. Déi drëtte Plaz war fir de Rafal Majka op 1 Minutt an 32 Sekonnen.

De Mann am Roude Maillot Primoz Roglic ass mat engem Retard vun 1 Minutt 41 als 5. ukomm a ka sech esou gutt wéi sécher iwwert d'Victoire vun der Vuelta freeën. De Slowen hëlt e Virsprong vun 2 Minutten an 33 Sekonnen op de Valverde mat an déi leschten Etapp. Neien Drëtten ass de Pogacar op 2 Minutten a 55 Sekonnen.

Fir den Alex Kirsch war et e Samschdeg déi 103. Plaz op iwwer 38 Minutten. Am General ass de Lëtzebuerger den 125. op iwwer 4 Stonnen an 30 Minutten. De Jempy Drucker war no senger Chute e Freideg op der 19. Etapp e Samschdeg net méi un den Depart gaangen.

E Sonndeg geet d'Vuelta 2019 zu Madrid op en Enn.

Resumé

Op der virleschter Etapp vun der Vuelta stoungen déi lescht Kilometer an de Bierger um Programm. Iwwer 190 Kilometer ass et vun Arenas de San Pedro op Plataforma de Gredos gaangen.

Op den éischte Kilometer ass et engem Grupp vun 9 Leit gelongen, fir sech aus dem Peloton ofzesetzen.  Mat dobäi waren de Mark Padun (Bahrain-Merida), de Mitch Docker (EF Education First), de Steve Morabito (Groupama-FDJ), den Tomasz Marczyncki (Lotto Soudal), den Damien Howson (Mitchelton-Scott), den Nic Dlamini (Dimension Data), de Willie Smit (Katusha Alpecin), de Sergio Henao (UAE Team Emirates), de Mikel Iturria an de Sergio Samitier (Euskadi-Murias).

De Peloton huet den Ecart op d'Echappée déi ganzen Zäit relativ kleng gehalen, sou datt kee vun den 9 Coureuren eng Chance op d'Etappevictoire hat. Eng 40 Kilometer virun der Arrivée am zweetleschte Bierg vum Dag gouf dann och de leschte Coureur vun hinnen agefaangen. Am Peloton waren et nämlech d'Generalsfuerer, déi op den Tempo gedréckt hunn. De Miguel Angel Lopez huet déi éischt Attack gesat, ma ofsetze konnt hie sech net. 37 Kilometer virun der Arrivée ass dunn den Tadej Pogacar fortgefuer. Dem Slowen ass et gelongen, fir sech séier e Virsprong vun 1 Minutt an 30 Sekonnen op de Grupp mam Primoz Roglic an de weidere Generalscoureuren erauszefueren. Dësen Ecart huet hien dunn och mat an d'Schlussmontée op déi déi leschten 10 Kilometer geholl. De Slowen huet sech bis op d'Arrivée net méi afänke gelooss a gewënnt um Enn mat engem Virsprong vun 1 Minutt an 32 Sekonnen virum Alejandro Valverde (Movistar) gewonnen. Drëtten ass de Rafal Majka (Bora Hansgrohe) ginn.

De Mann am Roude Maillot Primoz Roglic ass mat engem Retard vun 1 Minutt an 41 ukomm a ka sech esou gutt wéi sécher iwwert d'Victoire vun der Vuelta freeën. De Slowen hëlt e Virsprong vun 2 Minutten an 33 Sekonnen op de Valverde an déi leschten Etapp. Neien Drëtten ass de Pogacar op 2 Minutten a 55 Sekonnen.

D'Top 10 vun der 19. Etapp

1 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) 05H 16' 40''
2 ALEJANDRO VALVERDE (MOVISTAR TEAM) + 00H 01' 32''
3 RAFAL MAJKA (BORA - HANSGROHE) + 00H 01' 32''
4 HERMANN PERNSTEINER (BAHRAIN - MERIDA) + 00H 01' 32''
5 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) + 00H 01' 41''
6 SERGIO ANDRES HIGUITA GARCIA (EF EDUCATION FIRST) + 00H 01' 49''
7 DYLAN TEUNS (BAHRAIN - MERIDA) + 00H 01' 49''
8 NAIRO QUINTANA (MOVISTAR TEAM) + 00H 01' 56''
9 MIKEL NIEVE ITURRALDE (MITCHELTON - SCOTT) + 00H 01' 59''
10 WILCO KELDERMAN (TEAM SUNWEB) + 00H 01' 59''

De General

1 PRIMOŽ ROGLIC (TEAM JUMBO - VISMA) 80H 18' 54''
2 ALEJANDRO VALVERDE (MOVISTAR TEAM) + 00H 02' 33''
3 TADEJ POGACAR (UAE TEAM EMIRATES) + 00H 02' 55''
4 NAIRO QUINTANA (MOVISTAR TEAM) + 00H 03' 46''
5 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO (ASTANA PRO TEAM) + 00H 04' 48''
6 RAFAL MAJKA (BORA - HANSGROHE) + 00H 07' 33''
7 WILCO KELDERMAN (TEAM SUNWEB) + 00H 10' 04''
8 CARL FREDRIK HAGEN (LOTTO SOUDAL) + 00H 12' 54''