Den Tour duerch d'Slowakei gëtt dëst Joer vum Yves Lampaert gewonnen. De Belsch war am General nëmmen 1 Sekonn méi séier wéi de Fransous Arnaud Démarre.

Um Programm vun der 4. a leschter Etapp vum Tour duerch d'Slowakei huet op d'Coureuren een duerchaus vallonnéierte Parcours iwwer 142 Kilometer vu Hlohovec op Senica gewaart.

Duerchsetze konnt sech den Italiener Elia Viviani am Sprint virum Fransous Arnaud Démarre op der 2. an dem Norweeger Alexander Kristoff op der 3. Plaz.

De Bob Jungels koum iwwerdeems als 83. iwwer d'Ligne d'Arrivée an hat ee Retard vu 34 Sekonnen op de Spëtzemann. Am Generalklassement koum de Lëtzebuerger Champion um Enn op ronn 2 Minutten op déi 30. Positioun.

De Schlussgewënner vun der 63. Editioun vum Tour duerch d'Slowakei gouf iwwerdeems dem Jungels säi Coequipier Yves Lampaert aus der Belsch.

Top10 vun der Etapp

1 VIVIANI Elia Deceuninck - Quick Step 3:17:36
2 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
3 KRISTOFF Alexander UAE-Team Emirates  ,,
4 BAŠKA Erik BORA - hansgrohe ,,
5 PELUCCHI Matteo Androni Giocattoli - Sidermec ,,
6 BARBIER Rudy Israel Cycling Academy ,,
7 LIEPIŅŠ Emīls Wallonie-Bruxelles ,,
8 MØRKØV Michael Deceuninck - Quick Step ,,
9 VAN HOECKE Gijs CCC Team ,,
10 BRØCHNER Nicolai Riwal Readynez Cycling Team ,,

Schlussklassement

1 LAMPAERT Yves Deceuninck - Quick Step 17:14:21
2 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ 0:01
3 KÜNG Stefan Groupama - FDJ 0:03
4 GRADEK Kamil CCC Team 0:17
5 BOHLI Tom UAE-Team Emirates 0:21
6 VAN HOECKE Gijs CCC Team 0:26
7 BRÄNDLE Matthias Israel Cycling Academy 0:28
8 PÖSTLBERGER Lukas BORA - hansgrohe 0:34
9 BAŠKA Erik BORA - hansgrohe 0:40
10 RIABUSHENKO Alexandr UAE-Team Emirates 0:41