De Leader vun der Ekipp AG2R La Mondiale war e Samschdeg bei der 1. Etapp vun der Route d'Occitanie gefall.

De Romain Bardet, Coequipier vum Lëtzebuerger Ben Gastauer, wäert allerdéngs fir de Mont Ventoux Dénivelé Challenge dësen Donneschdeg Forfait missen erklären. D'Participatioun fir de Fransous beim Dauphiné dierft awer net a Gefor sinn.

De Critérium du Dauphiné start d'nächst Woch e Mëttwoch zu Clermont-Ferrand. Mat dobäi sinn och d'Lëtzebuerger Michel Ries (Trek-Segafredo) a Bob Jungels (Deceuninck Quick-Step).