Op der 1. Etapp vum Tour duerch Polen goung et iwwer 196 Kilometer vun Chorzów op Kattowitz. No enger schwéierer Chute gouf de Jakobsen blesséiert.

Beim Sprint ëm déi 1. Plaz koum et zu enger hefteger Chute: den Dylan Groenewegen hat de Fabio Jakobsen op de leschte Metere bei 80 km/h widder d'Gradine gedréckt. De Jakobsen an nach weider Sprinter sinn doropshi schwéier gefall. Den Hollänner krut bei senger Chute een Offiziellen um Bord vun der Strooss ze paken, de Groenewegen huet et iwwerdeems och net am Suedel gehalen.

De Co-Equiper vum Bob Jungels ass no enger Noutoperatioun vu 5 Stonnen an engem eeschten awer stabillen Zoustand. Bei der Operatioun goufe weder Verletzungen um Gehier, nach un der Wierbelsail constatéiert. Dëst gouf jo am Ufank gefaart. Den hollännesche Champion huet sech bei der Chute awer e Schädel-Hirn-Trauma, e gebrachenen Gomm souwéi eng Quëtschung vun der Luftröre zougezunn a befënnt sech weiderhin am kënschtlechen Koma. Et soll am Laf vum Dag probéiert ginn, hien aus dem Koma ze huelen.

Eng weider Nouvelle iwwert de Gesondheetszoustand vum Jakobsen soll en Donneschdeg um 14 Auer publizéiert ginn.

Och een Offiziellen, deen um Bord vun der Streck stoung, war involvéiert. Och dësen ass ausser Liewensgefor.

De Patrick Lefevere, Teamchef vum Fabio Jakobsen bei Deuceuninck Quick-Step, huet dann och via Twitter sengem Ierger fräi Loft gelooss: Den Dylan Groenewegen misst fir dës Aktioun an de Prisong.

Den Dylan Groenewegen gouf no der Etapp disqualifizéiert an aus der Course erausgeholl. De Jakobsen gouf zum Vainqueur vun der Etapp erkläert.

Am Laf vum Mëttwochowend huet d‘UCI sech per Communiqué geäussert an dat geféierlecht Behuele vum Groenewegen op d‘Schäerfst kritiséiert. Weider heescht et am Schreiwes, datt een de Fall wéinst dem „inakzeptabele Verhalen“ vum Groenewegen direkt fir weider Sanktiounen un d‘Disziplinar-Kommissioun weidergeleet hätt.