No der schroer Chute vum Fabio Jakobsen e Mëttwoch op der 1. Etapp goung et um Donneschdeg weider iwwer 151,5 Kilometer vun Opole op Zabrze.

Update - Fabio Jakobsen: Gesondheetszoustand gutt, Cyclist net méi am Koma

Deceuninck Quick-Step, d'Ekipp vum jonken Hollänner, huet en Donneschdeg matgedeelt, datt de Fabio Jakobsen no der schroer Chute e Mëttwoch net méi an direkter Liewensgefor géif schwiewen. Den Hollänner hätt d'OP gutt iwwerstanen. E Freideg koum dunn d'gutt Nouvelle, dass de Cyclist aus dem Koma eraus ass.

Dräi weider Coureuren hunn iwwerdeems och missen am Spidol behandelt ginn. Iwwer de Gesondheetszoustand vum Dylan Groenewegen, deen d'Chute am Sprint ausgeléist hat, ginn et nei Informatiounen. Och hien huet missen operéiert ginn, dat wéinst enger Fraktur vum Schlësselbeen. Den Dylan Groenewegen huet sech dann och via Twitter zu Wuert gemellt, sech entschëllegt a gesot, hie wier a Gedanke konstant beim Jakobsen.

2. Etapp vum Tour duerch Polen en Donneschdeg

Den Tour duerch Polen goung wéi gesot weider, och nodeems den hollännesche Champion um Virdag schro gefall war. Et goung iwwer 151,5 Kilometer vun Opole op Zabrze. Hei konnt sech de Mads Pedersen am Sprint behaapten. Den Dän ass als 1. virum Pascal Ackermann an Davide Ballerini iwwer d'Ligne d'Arrivée gefuer.

Beim Tour duerch Polen sinn och 2 Lëtzebuerger um Depart, de Ben Gastauer ass zäitgläich mam Gewënner Pedersen ukomm an den Alex Kirsch hat als 133. e Retard vu 24 Sekonnen. Um Donneschdeg ass am General de Gastauer mat engem Ecart vun annerhallwer Minutt den 106., de Kirsch ass op knapp 2 Minutten den 112.

De General no der 2. Etapp

1 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo 7:57:42
2 ACKERMANN Pascal BORA - hansgrohe 0:04
3 MAŁECKI Kamil CCC Team ,,
4 MEZGEC Luka Mitchelton-Scott 0:06
5 BALLERINI Davide Deceuninck - Quick Step ,,
6 POELS Wout Bahrain - McLaren 0:09
7 PHILIPSEN Jasper UAE-Team Emirates 0:10
8 SAJNOK Szymon CCC Team ,,
9 DAINESE Alberto Team Sunweb ,,
10 CAVENDISH Mark Bahrain - McLaren ,,
...
106 GASTAUER Ben AG2R La Mondiale 1:31
...
112 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 1:55