E Samschdeg ass d'Course no siwen Etappen op en Enn gaangen. De Caleb Ewan huet sech um leschten Dag am Sprint duerchgesat.

De sloweneschen Tour-de-France-Gewënner Tadej Pogacar huet sech d'Schlussvictoire bei der UAE Tour geséchert. Den 22 Joer ale Coureur hat no siwen Etappen e Virsprong vu 35 Sekonnen op de Britt Adam Yates. Op déi drëtte Plaz ass de Portugis Joao Almeida gefuer, dat mat engem Réckstand vun enger Minutt an zwou Sekonnen.

Op der leschter Etapp war d'Victoire fir de Caleb Ewan. Den Australier huet sech am Massesprint virum Ir Sam Benett an dem Däitsche Phil Bauhaus duerchgesat.

Top10 vun der 7. Etapp

1 EWAN Caleb Lotto Soudal 3:18:29
2 BENNETT Sam Deceuninck - Quick Step ,,
3 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
4 MØRKØV Michael Deceuninck - Quick Step ,,
5 BOL Cees Team DSM ,,
6 GREIPEL André Israel Start-Up Nation ,,
7 VENDRAME Andrea AG2R Citroën Team ,,
8 MEZGEC Luka Team BikeExchange ,,
9 MINALI Riccardo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
10 GIDICH Yevgeniy Astana - Premier Tech ,,

D'Schlussklassement

1 - POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 24:00:28
2 - YATES Adam INEOS Grenadiers 0:35
3 - ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 1:02
4 - HARPER Chris Team Jumbo-Visma 1:42
5 - POWLESS Neilson EF Education - Nippo 1:45
6 - SKJELMOSE JENSEN Mattias Trek - Segafredo 2:37
7 - CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:39
8 - CATTANEO Mattia Deceuninck - Quick Step 3:53
9 - FERNÁNDEZ Rubén Cofidis, Solutions Crédits 4:13
10 - MASNADA Fausto Deceuninck - Quick Step 6:30