A Frankräich ass e Samschdeg déi 21. Editioun vun der Ardèche Classic gefuer ginn.

No 171 Kilometer ronderëm Guilherand-Granges huet de Fransous David Gaudu gewonnen. Hien huet sech am Sprint viru sengem Landsmann Clément Champoussin duerchgesat. Mat engem Retard vun 11 Sekonnen ass de Britt Hugh Carthy op déi drëtt Plaz gefuer.

De Luc Wirtgen gëtt als beschte Lëtzebuerg den 49. op 3 Minutten a 40 Sekonnen. De Ben Gastauer den 59. op 4 Minutten an 31 Sekonnen an de Michel Ries den 88. op 9 Minutten a 24 Sekonnen.

D'Resultat vun der Course

1 GAUDU David Groupama - FDJ 4:32:37
2 CHAMPOUSSIN Clément AG2R Citroën Team ,,
3 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 0:11
4 HONORÉ Mikkel Frølich Deceuninck - Quick Step 0:28
5 GODON Dorian AG2R Citroën Team 0:40
6 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech ,,
7 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 0:42
8 PINOT Thibaut Groupama - FDJ ,,
9 HIVERT Jonathan B&B Hotels p/b KTM 0:46
10 SIMMONS Quinn Trek - Segafredo ,,