Den Ex-Weltmeeschter konnt sech am Schlusssprint virum Anthony Turgis an Thomas Pidcock duerchsetzen. Beschte Lëtzebuerger gëtt de Jempy Drucker.

Beim Semi-Klassiker Kuurne-Bréissel-Kuurne ass e Sonndeg d'Decisioun am Sprint aus engem klenge Grupp eraus gefall. D'Echappée mat ënner anerem dem Matthieu van der Poel war 1,5 km virun der Arrivée ageholl ginn an esou ass et zum Sprint komm. An do war de Coureur vun Trek Segafredo Mads Pedersen dee Séiersten. Hie gewënnt virum Anthony Turgis an dem Britt Thomas Pidcock.

De Kevin Geniets (Groupama - FDJ) huet no senger excellenter 9. Plaz um Samschdeg bei Omloop Het Nieuwsblad um Sonndeg den Uschloss op der Kwaremont Kopp verpasst, grad esou wéi déi aner Lëtzebuerger. Doduerch hate si näischt mat der Schlussvictoire ze dinn.

De Jempy Drucker gouf den 59. op 1 Minutt an 48 Sekonnen an de Kevin Geniets ass als 90. mat engem Retard vu 4 Minutten an 52 Sekonnen iwwer de wäisse Stréch gefuer. Den Alex Kirsch huet opginn.

Bilan Courssen / Rep. Rich Simon

De Resumé

Eng ronn 80 km virun der Arrivée huet de Matthieu van der Poel (Alpecin-Fenix) aus dem Peloton mam Naravaez (Ineos-Grenadiere) attackéiert an esou konnte si sech eng Avance erausfueren. Och de Jempy Drucker hat et probéiert, allerdéngs ouni Erfolleg. Un der Spëtzt war zu dësem Zäitpunkt eng Echappée vu 6 Mann ënnerwee, déi e maximale Virsprong vu eppes méi wéi 3 Minutten hat.

Am Peloton huet sech ëmmer erëm d'Ekipp Etixx-Quick-Step un der Spëtzt gewisen. Duerch de ville Wand waren och de Jempy Drucker an den Alex Kirsch de ganzen Zäit relativ wäit vir am Peloton ze gesinn. Wat d'Arrivée méi no komm ass, wat den Tempo méi héich ginn ass an esou ass de Peloton ëmmer weider ausernee gefuer,  éier sech d'Ekippen de Kwaremont erop gekämpft hunn.

Un der Spëtzt huet iwwerdeems de van der Poel de Spëtzegrupp am Kwaremont ageholl. Kirsch, Drucker a Geniets si mat engem klenge Retard iwwert de Kwaremont gefuer.

50 km virun der Arrivée huet sech d'Course e bësse berouegten. Un der Spëtzt hu sech 5 Coureure zesummefonnt, ënnert anerem mam van der Poel, Narvaez a Hvideberg. De Grupp mat de Favoritte louch eng ronn 50 Sekonnen hannendrunner. Déi 3 Lëtzebuerger louchen am Peloton, dat mat engem Retard vu ronn 40 Sekonnen op de Grupp 2. Eng 35 km virun der Arrivée ass et am Peloton zu enger Chutte komm wat de Grupp komplett gesprengt huet.

An der Schlussphas ass et zum Zesummeschloss vun de Gruppen 2 a 3 komm, déi zesumme versicht hunn, de Réckstand vun 20 Sekonnen op d'Echappée anzehuelen. De Virsprong ass step by step geschmolt an esou sollt et 1,5 km viru Schluss tatsächlech nach zum Zesummeschloss kommen. Am Schlusssprint huet sech de Co-Equipier vu Kirsch a Ries, de Mads Pedersen duerchgesat.

D'Top10

1 Mads Pedersen (Trek-Segafredo) 4:37:08
2 Anthony Turgis (Total Direct Energie) 0:00:00
3 Tom Pidcock (INEOS Grenadiers) 0:00:00
4 Matteo Trentin (UAE Team Emirates) 0:00:00
5 Jenthe Biermans (Israel Start-Up Nation) 0:00:00
6 Sonny Colbrelli (Bahrain Victorious) 0:00:00
7 Nils Politt (BORA-hansgrohe) 0:00:00
8 Greg Van Avermaet (AG2R Citroën Team) 0:00:00
9 Bert Van Lerberghe (Deceuninck-Quick Step) 0:00:00
10 Erik Resell (Uno-X Pro Cycling Team) 0:00:00