Den Italiener vun der Ekipp Deceuninck-Quick-Step huet sech en solitaire duerchgesat.

Start an Zil vun der Royal Bernard Drôme Classic war an der franséischer Gemeng Eurre am Departement Drôme. Gewonnen huet d'Course den Italiener Andrea Bagioli vum Team Deceuninck-Quick-Step. Mat Wirtgen, Gastauer a Ries sinn 3. Lëtzebuerger am Zil ukomm.

De Luc Wirtgen klasséiert sech als beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vu 4 Minutten an 29 Sekonnen op der Plaz 52. An der nämmlechter Zäit gëtt de Ben Gastauer 54. Knapp 3 Minutten dohannert gëtt de Michel Ries den 91. Den Ivan Centrone ass d'Course net op en Enn gefuer.

D'Top10

1 BAGIOLI Andrea (ITA) DECEUNINCK - QUICK-STEP 4:23:18
2 IMPEY Daryl (RSA) ISRAEL START-UP NATION 0:00:11
3 HONORÉ Mikkel (DEN) DECEUNINCK - QUICK-STEP 0:00:11
4 SIMON Julien (FRA) TOTAL DIRECT ENERGIE 0:00:11
5 CLARKE Simon (AUS) TEAM QHUBEKA ASSOS 0:00:11
6 GODON Dorian (FRA) AG2R CITROEN TEAM 0:00:11
7 GIRMAY Biniam (ERI) DELKO 0:00:11
8 GAUTIER Cyril (FRA) B&B HOTELS P/B KTM 0:00:11
9 BARGUIL Warren (FRA) TEAM ARKEA - SAMSIC 0:00:11
10 VAKOČ Petr (CZE) ALPECIN-FENIX 0:00:11