Beim Le Samyn stoung en Dënschdeg souwuel d'Course bei den Dammen ewéi bei den Hären um Programm.

Bei den Häre gouf et no 205,4 Kilometer eng Victoire vum Belsch Tim Merlier, dat virum Rasmus Tiller an dem Andrea Pasqualon. De Jempy Drucker koum an där nämmlechter Zäit op déi 14. Plaz. Den Tom Wirtgen gouf den 42. op 1 Minutt a 5 Sekonnen an de Colin Heiderscheid de 70. op 5 Minutten an 9 Sekonnen. Den Arthur Kluckers, de Cedric Pries, de Raphael Kockelmann an de Loic Bettendorf sinn net ukomm.

D'Top 10 bei den Hären

1 MERLIER Tim Alpecin-Fenix 4:34:29
2 TILLER Rasmus Uno-X Pro Cycling Team ,,
3 PASQUALON Andrea Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
4 VANMARCKE Sep Israel Start-Up Nation ,,
5 HOFSTETTER Hugo Israel Start-Up Nation ,,
6 CAPIOT Amaury Team Arkéa Samsic ,,
7 DEGENKOLB John Lotto Soudal ,,
8 CLAEYS Dimitri Team Qhubeka ASSOS ,,
9 DUPONT Timothy Bingoal - Wallonie Bruxelles ,,
10 MENTEN Milan Bingoal - Wallonie Bruxelles ,,

Dammen

Beim Le Samyn des Dames goung et en Dënschdeg iwwer 92,5 Kilometer vu Quaregnon op Dour. Um Enn ass e Grupp vu 24 Cyclistinnen zesummen ukomm an hei war et d'Lotte Kopecky, déi déi séierst Been hat an d'Course fir sech entscheede konnt. D'Plazen um Podium ware fir d'Emma Norsgaard an d'Chloe Hosking. D'Christine Majerus koum an där nämmlechter Zäit op déi 23. Plaz.

D'Top 10 bei den Dammen

1 KOPECKY Lotte Liv Racing 2:20:04
2 NORSGAARD Emma Cecilie Movistar Team ,,
3 HOSKING Chloe Trek-Segafredo Women ,,
4 VERHULST Gladys Team Arkéa ,,
5 VAN 'T GELOOF Marjolein Drops ,,
6 PIETERS Amy SD Worx ,,
7 TOMASI Laura Alé BTC Ljubljana ,,
8 HENDERSON Anna Team Jumbo-Visma Women ,,
9 VAN DER HULST Amber Parkhotel Valkenburg ,,
10 KASPER Romy Team Jumbo-Visma Women ,,