Den Australier setzt sech virum Romain Bardet an dem Richard Carapaz duerch. De Juan Pedro Lopez bleift am Maillot Rose.

Op der néngter Etapp vun Isernia op Blockhaus setzt sech den Jai Hindley an der Schlussmontée am Sprint géint den Fransous Bardet an de Kolumbianer Carapaz  duerch.

Bis bei déi lescht Montée konnt sech eng Echappée, bestoend aus dem Diego Rosa, Nans Peters, Joe Dombrowski an Eduardo Sepulveda, behaapten. Den Diego Rosa konnt sech duerch seng Eenzelleeschtung och de Biergtrikot sécheren, d'Grupp gouf awer vum Peloton agefaangen an déi lescht 12 Kilometer ass et am grousse Grupp de Bierg erop gaangen.

Op de leschte Kilometer huet sech eng Grupp vun 11 Coureure forméiert, déi sech vum Peloton ofgesat hunn an d'Victoire ënnert sech ausgemaach hunn. Dorënner ënner anerem de Richie Porte, de Mikel Landa, Emanuel Buchmann an den Almeeschter Alejandro Valverde. De Lennard Kämna an de Maillot Rose Juan Pedro Lopez konnte sech an engem zweete Grupp placéieren, béid Coureuren hate Krämpes fir matzehalen.

De Juan Pedro Lopez behält de Maillot Rose, verléiert awer vill Zäit. De Klassement gouf anstänneg duerchernee gerëselt an d'Favoritte placéiere sech an den Top Ten.

D'Etappeklassement

1 HINDLEY Jai 5:34:44
2 BARDET Romain  0:00
3 CARAPAZ Richard  0:00
4 LANDA Mikel Bahrain  0:00
5 ALMEIDA João  0:00
6 POZZOVIVO Domenico 0:03
7 BUCHMANN Emanuel 0:16
8 NIBALI Vincenzo 0:34
9 VALVERDE Alejandro 0:46
10 ARENSMAN Thymen  0:58

D'Generalklassement

1 LÓPEZ Juan Pedro 37:52:01
2 ALMEIDA João 0:12
3 BARDET Romain 0:14
4 CARAPAZ Richard 0:15
5 HINDLEY Jai 0:20
6 MARTIN Guillaume 0:28
7 LANDA Mikel 0:29
8 POZZOVIVO Domenico 0:54
9 BUCHMANN Emanuel 1:09
10 BILBAO Pello 1:22