De Profi aus Eritrea huet de Mathieu van der Poel am Sprintduell no 196 Kilometer geklappt.

Op der 10. Etapp vum Giro d'Italia gouf et en Dënschdeg no 196 zum Deel wallonnéierte Kilometer vu Pescara op Jesi eng Victoire vum Biniam Girmay. Domadder huet fir d'éischte Kéier e Coureur aus Afrika eng Etapp beim Giro d'Italia gewonnen. De Coureur aus Eritrea hat dës Saison schonn de Klassiker Gent-Wevelgem gewonnen.

De Girmay huet sech am Sprint virum Mathieu van der Poel an dem Vincenzo Albanese duerchgesat.

Fir den 22 Joer ale Gewënner gouf et um Podium ee Schreckmoment, wéi him de Stopp vun der Schampesfläsch onglécklech an d'Gesiicht geflunn ass. Hien huet missen an enger Ambulanz behandelt ginn a gouf an d'Klinick bruecht, well hien um lénksen A näischt méi gesinn huet. Hie wäert dowéinst e Mëttwoch och net méi un den Depart vun der 11. Etapp goen.

Am Generalklassement bleift de Spuenier Juan Pedro Lopez am Rosa Maillot vum Leader. Zweeten ass de Joao Almeida op 12 Sekonnen an de Romain Bardet huet als Drëtten e Réckstand vu 14 Sekonnen.

D'Etappeklassement

1 GIRMAY Biniam Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 4:32:07
2 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix ,,
3 ALBANESE Vincenzo EOLO-Kometa ,,
4 KELDERMAN Wilco BORA - hansgrohe 12 25 ,,
5 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 4 18 ,,
6 BOUWMAN Koen Jumbo-Visma 15 ,,
7 BARDET Romain Team DSM 12 ,,
8 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 10 ,,
9 ALMEIDA João UAE Team Emirates 8 ,,
10 SCHMID Mauro Quick-Step Alpha Vinyl Team 6 ,,

D'Generalklassement

1 LÓPEZ Juan Pedro Trek - Segafredo 42:24:08
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:12
3 BARDET Romain Team DSM 0:14
4 CARAPAZ Richard INEOS Grenadiers 0:15
5 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 0:20
6 MARTIN Guillaume Cofidis 0:28
7 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 0:29
8 POZZOVIVO Domenico Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:54
9 BUCHMANN Emanuel BORA - hansgrohe 1:09
10 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 1:22