E Freideg fänkt den Tour de France zu Kopenhagen an Dänemark un.

Leschte Mëttwoch de Mëtteg huet d'Ekipp Groupama - FDJ d'Participatioun vum Kevin Geniets confirméiert. Hie wäert eng éischte Kéier den Tour de France fueren.

Leschten Donneschdeg huet d'Formatioun Ag2R Citroën hir Selektioun bekannt ginn. Ënnert de Coureuren ass de Bob Jungels. Fir hien ass et déi 4. Participatioun.

E Méindeg de Moie gouf et dunn och d'Confirmatioun, datt den Alex Kirsch un den Depart vu sengem 1. Tour de France goe wäert.

De Julian Alaphilippe an de Mark Cavendish sinn dëst Joer net beim Tour de France dobäi. Béid Coureure goufe vun hirer Ekipp Quick Step net nominéiert. Den Alaphilippe hat sech no senger Chute bei Baaschtnech Léck erholl an huet nach op eng Participatioun bei der Grande Boucle gehofft. De Cavendish gouf de leschte Weekend Champion a Groussbritannien, mä geet deemno och net a Frankräich un den Depart.

D'Course kënnt Dir vum 1. Juli un all Dag live mat Lëtzebuerger Commentaire vum Kim Kirchen an Tom Flammang op RTL kucken.