En Donneschdeg war den Optakt vum Giro d'Italia Donne. Hei gouf ronderëm Cagliari e Prolog vu 4,7 Kilometer gefuer.

Um Enn war et d'Kristen Faulkner, déi de beschte Chrono realiséiere konnt. D'US-Amerikanerin hat eng Avance vun 3 Sekonnen op hir Teamkomerodin Georgia Baker aus Australien a vu 5 Sekonnen op d'Italienerin Elisa Balsamo. D'Christine Majerus koum op déi 59. Plaz op 31 Sekonnen.

Resultat vum Prolog