De Lëtzebuerger Junior-Champion hat e Réckstand vu 6 Sekonnen op de Gewënner Jarno Widar.

No 2 Joer Paus ass e Samschdeg zu Ëlwen déi 76. Editioun vum Grand Prix Général Patton gefuer ginn. De Jarno Widar aus der Belsch huet sech mat enger Avance vu véier Sekonne virum Kevin Biehl aus Dänemark duerchgesat. Drëtten ass de Belsch Tyson Borremans ginn. Hien hat e Réckstand vu 7 Sekonnen.

Eng staark Leeschtung huet de Lëtzebuerger Champion bei de Juniore Mil Morang gewisen. De Lëtzebuerger war an der Echappée vum Dag an huet sech déi ganz Course iwwer vir gewisen. Um Enn ass hien de staarke 6. op 7 Sekonne ginn.

D'Klassement vun der Course

1 WIDAR Jarno 3:13:35
2 BIEHL Kevin 0:04
3 BORREMANS Tyson 0:07
4 VANDEN HEEDE Lars ,,
5 PRESTIANNI Sacha ,,
6 MORANG Mil ,,
7 FINCKBOHNER Anaël ,,
8 MATHIEU Paul ,,
9 PATTINSON Tomos ,,
10 LIGHTFOOT Mark ,,
11 VANEECKHOUTE Victor ,,
12 BROCKHOFF Daniel Mathieu Vivier ,,
13 KRANENBURG Joris ,,
14 PEREZ Ciro ,,
15 GUERRERO Pablo ,,
16 DARMIGNY Tom ,,
17 BERGER Baptiste ,,
18 MODAFFERI Sacha ,,
19 VAN DER VEEN Cas ,,
20 DE GEETER Jasper ,,
21 GOUERY Armand ,,
22 DAVID Alexis 0:14
23 CURIEN Quentin 0:15
24 DESMET Tyler 0:30
25 LAPINS Gusts 2:06
26 BROEKAERT Jelle 2:15
27 VAN DEN BROECK Ruben 2:20
28 REYES Felipe ,,
29 KERRENS Alex 4:55
30 MORTIER Thibaut 8:24
31 GLUDAVS Davis 8:58
32 PEACE Oliver 15:26