
© FSCL_cycling / Twitter
De Lëtzebuerger ka sech zu Dikrech no 94 Kilometer am Spint virum Belsch Jarno Widar behaapten.
Am Vëlossport huet de Mathieu Kockelmann de Grand Prix de Luxembourg, eng international Junior-Course, gewonnen. No 94 Kilometer huet sech de Lëtzebuerger zu Dikrech aus enger Echappée eraus am Sprint virum Belsch Jarno Widar an dem Britt Mark Lightfoot duerchgesat. De Widar hat e Samschdeg de Grand Prix Général Patton gewonnen.
De Mil Morang ass den 8. ginn, de Fynn Ury den 9. an de Mats Berns den 11.. Allendräi op iwwer 2 Minutten.
D'Klassement
1 KOCKELMANN Mathieu 2:10:07
2 WIDAR Jarno ,,
3 LIGHTFOOT Mark ,,
4 PRESTIANNI Sacha ,,
5 BIEHL Kevin 0:01
6 BERGER Baptiste 0:02
7 DHONDT Robbe 2:16
8 MORANG Mil ,,
9 URY Fynn ,,
10 VANDEN HEEDE Lars 2:19
11 Berns Mats ,,